arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Françoise Keller
Episoden
Wou verleeft d'Grenz tëschent Salarié an Independant?
Mat där Fro beschäftegt sech e rezent Urteel ronderëm de Gérard Anduyan, deen Iesse fir Wedely ausgeliwwert huet. Mir schwätze mat senger Affekotin, der Virginie Verdanet.
Mindestalter fir Social Media: Wëllt och Lëtzebuerg op dee Wee goen?
Mir froen déi zoustänneg CSV-Ministesch Elisabeth Margue, ob si e gesetzleche Mindestalter wëllt aféieren, a wéi deen da géif kontrolléiert ginn.
No der Demissioun vu Georges Mischo: Wéi ass d'Stëmmung an der CSV?
D'Carole Schimmer huet den CSV-Nationalrot gëschter Owend fir eis matverfollegt.
Wat bedeit déi nei US-Sécherheetsstrategie fir d'EU?
33 Säiten huet déi nei US-Sécherheetsstrategie. Am Dokument gëtt Europa schaarf kritiséiert. Fir den DP-Europadeputéierte Charel Goerens ass et d'Enn vun enger Epoch.
USA wëllen d'EU demontéieren, d'EU awer reagéiert kaum
En US Strategie-Pabeier mat Annoncen, datt d'USA déi politesch Géigner vun der EU ënnerstëtze wëllen, suergt fir Opreegung, awer net fir vill Reaktiounen.
Australie féiert e Mindestalter vu 16 Joer fir Social Media an
De Rick Mertens erkläert, wéi déi Reegel ëmgesat gëtt, a wéi warscheinlech et ass ,datt Lëtzebuerg sech drun inspiréiert.
Nom zweete Bommeleeër-Prozess: e Réckbléck ...
Wat fir eng Erkenntnisser si vum zweete Bommeleeër-Prozess zeréckzebehalen, 11 an en halleft Joer nom Enn vum 1. Prozess?
Grenzgemeng wiert sech géint Tanklagererweiderung
D'Tanklager zu Gréiwemaacher soll op 150.000 Meter Kipp ausgebaut ginn. Am Fall vun enger Katastroph géif vun Temmels "näischt méi stoen", esou d'Buergermeeschtesch Doris Köbernik.
Anästhesisten oder Urgentisten: wee sinn déi besser SAMUs-Dokteren?
Den Dr. Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anästhesisten erkläert, firwat Anästhesiste besser qualifizéiert si wéi Urgentistë fir um SAMU matzefueren.
De Minister geet, mee den Dossier bleift
Den Aarbechtsminister Georges Mischo ass zeréckgetrueden, mee et bleiwe Froe ronderëm den Dossier Sportsmusée. Mir schwätze mat der Deputéierter vun déi Gréng Sam Tanson.
Impakt op de Sozialdialog no Récktrëtt vum Georges Mischo
Den demissionnären Aarbechtsminister war der Gewerkschaftsunioun en Dar am A. Wat erwaart d'OGBL-Presidentin Nora Back sech vu sengem geplangte Successeur Marc Spautz?
Regierung stellt deen éischten nationalen Aktiounsplang géint Aarmut vir
Am Ganze sinn et 106 Mesuren, dorënner och 2 nei Aidë géint Kanner- respektiv Altersaarmut.
Grenzgemeng wiert sech géint Tanklagererweiderung
D'Tanklager zu Gréiwemaacher soll op 150.000 Meter Kipp ausgebaut ginn. Am Fall vun enger Katastroph géif vun Temmels "näischt méi stoen", esou d'Buergermeeschtesch Doris Köbernik.
Buffalo C. Wayne
Zënter e Freideg kann een en neien Album vum "Büffel", Luxembourg’s Only Country Western Singer (wéi e sech selwer nennt) op de Plattforme lauschteren.
Net genuch Plazen an de Fraenhaiser
Vill Frae stinn op der Waardelëscht. Fir déi Betraffen, déi eng Plaz an engem Fraenhaus hunn, ass d'Sich no enger Wunneng immens schwiereg.
Primme maachen E-Autoe finanziell interessant
... an trotzdeem wäert d'Zil vun 49 % Elektrogefierer am Joer 2030 net kënnen erreecht ginn. D'Denkfabrik IDEA huet sech mam Theema befaasst, den Ekonomist Frédéric Meys erkläert.
Net-Lëtzebuerger an der Kommunalpolitik
All 4. Gemengeconseiller zu Lëtzebuerg huet en auslänneschen Hannergrond, ass also am Ausland gebuer oder huet eng duebel Nationalitéit. Explikatioune vun der Jessica Lopes (Cefis)
Mannerjäreger am Prisong
Enn leschter Woch sinn direkt e puer Mineuren zu Schraasseg agesat ginn. Wéi reagéiert den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit?
De Restaurant Madame Witzeg - wat bedeit Inklusioun?
Zanter bal dräi Joer ginn am Restaurant zu Bieles Inklusioun a gudde Kascht kombinéiert.