arrow_back_ios
Moiesstudio
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Françoise Keller
Episoden
No der AGE vun der AMMD
Wéi geet et virun no der ausseruerdentlecher Generalversammlung vu gëscht? Froen un den Dr. Chris Roller de, President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren.
Eventtipp: Blues an Jazz am Liquid
Haut den Owend trëtt do en Artist aus den USA op, de Brett Newski. Mir hu mam Jeff Herr, President vu Blue Bird, déi dës Concerten organiséieren, geschwat.
Octobre rose
An den Hôpitaux Robert Schuman (HRS) leeft aktuell eng Informatiouns- a Sensibiliséierungswoch zum Theema Broschtkriibs. D'Directrice des soins Véronique Wagner gëtt Detailer.
Qualifizéiert sech de Cap-Vert haut fir d'Fussball-WM 2026?
D'kapverdianesch Communautéit am Land kuckt de Mëtteg mat Spannung op de Fussballmatch Libye géint Cap-Vert: Gewannen déi sougenannt "blo Haien", da si si d'nächst Joer op der WM.
Rout Léiwen motiviéiert virum Spill géint Däitschland
E Freideg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hiren drëtte Match an der Qualifikatioun fir d'’Weltmeeschterschaft 2026 géint Däitschland.
Staatsfinanzen: Schéier geet auserneen
Op 521 Milliounen Euro summéiert sech op den 30. September den Defizit beim Zentralstaat, de Finanzminister Gilles Roth bleift trotzdeem optimistesch.
Manifest géint Militariséierung
E Collectif mam Numm "5 % c'est non" kritiséiert déi enorm Zommen, déi neierdéngs an d'Verteidegung investéiert ginn. De Jean-Claude Thümmel erkläert firwat.
Russeschen Dissident an der Chamber
Messagë vum russeschen Dissident Vladimir Kara Murza un d'Deputéiert vun der aussenpolitescher Chamberkommissioun
Hoffnung op eng Wafferou?
Et gëtt weiderhi gutt Chancë fir en Accord tëschent Israel an der Hamas, seet den US-President Donald Trump, deem säi Friddensplang fir Gaza den Ament an Ägypten negociéiert gëtt.
Eventtipp: "Traumnovelle"
Den Owend (8.10.) an nach bis de Freideg kann een dem Frank Hoffmann seng Inzenéierung vum Arthur Schnitzler senger "Traumnovelle" nach eng Kéier kucke goen.
KI an der Medezin
D'Chancen an d'Erausfuerderungen, déi duerch d'Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetswiesen entstinn, sinn Theema op der drëtter Editioun vun der Health Care Week.
Woch vum Nieren: Fraen nach méi ënnerstëtzen
Stëlle gëtt als natierlechst Saach vun der Welt ugesinn, mee an der Praxis fillt dat sech fir vill Mammen net ëmmer esou un. De Comité d'allaitement setzt sech fir si an.
KI an der Medezin
D'Chancen an d'Erausfuerderungen, déi duerch d'Kënschtlech Intelligenz am Gesondheetswiesen entstinn, sinn Theema op der drëtter Editioun vun der Health Care Week.
2. Joresdag vum 7. Oktober 2023
Wéi grouss ass d'Chance op en dauerhafte Fridden am Noen Osten? Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas (DP)
Eventtipp: Saisonal Wëllplanze-Wanderung op der LUGA
D'Manon Bissen ass Wëllkraider-Pedagogin an huet eis erkläert, wéi dës Wanderung ofleeft.
"Ausgeliwwert": Déi 2. Episod vun eisem neie Podcast ass elo online
Wolt, UberEats a Wedely, esou heeschen déi grouss digital Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen?
Wéi leeft en Interview mam Grand-Duc of?
De Rick Mertens huet deen neie Staatschef kuerz virum Trounwiessel interviewt. Hie gëtt en Abléck hanner d'Kulisse vun dësem Gespréich.
Reitpedagogik: Méi wéi nëmme Ponyreiden
Een Nomëtteg mat enger Reitpedagogin: Kanner léiere Verantwortungsgefill, Vertrauen an den Ëmgang mat den Déieren.
Nei Fabrik zu Steesel: Arméigefierer made in Luxembourg
Déi englesch Entreprise North Defence mécht zu Steesel eng Fabrik fir Militär-Gefierer op. D'Regierung begréisst dat.