arrow_back_ios

Een zwee Jazz

100komma7.lu / Een zwee Jazz

/ E neien Album aus Norwegen an en Owend voller Legenden

E neien Album aus Norwegen an en Owend voller Legenden

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den norwegesche Pianist Bugge Wesseltoft ass ee vun de bekanntsten a wichtegste Jazzmuseker aus eiser Zäit. Säi neien Album heescht "Am Are" – opgeholl an der Rou vun der Natur vun Norwegen, bei engem Séi, dem 'Am Are', deen iwwer Joren als Haapt-Inspirationsquell gedéngt huet.

E ganz gutt duerchduechten a kuratéierten Albumprojet, deen d’Zesummenaarbecht vum Wesseltoft mat verschiddenen experimentellen Trio-Konstellatioune reflektéiert.

Jazz at Massey Hall ass ee vun de legendäerste Concerten an der Geschicht vum Jazz.  E gouf de 15. Mee 1953 zu Toronto, Kanada opgeholl.

Op dësem Owend koume fënnef Legenden aus dem Bebop zesummen:
Dizzy Gillespie (Trompett)

Charlie Parker (Altsaxophon)

Bud Powell (Piano)

Charles Mingus (Kontrabass)


Max Roach (Batterie)


Episoden