AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert sech ëmzebenennen. Aus der AMIL gëtt elo d'FLAG, d'Fédération Luxembourgeoise des Arts Graphiques. De Roland Dernoeden Direkter vun der Imprimerie Centrale a Vizepresident vun der FLAG, erkläert, firwat de Verband säin Numm geännert huet.
arrow_back_ios
Moiesstudio
D'Zukunft vun den Dréckereien
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden

Saint Patrick's Day
Haut ass de 17. Mäerz, St. Patrick’s Day, den ireschen Nationalfeierdag. Dat wäert een haut iwwerall mierken, wou Iren oder Leit mat iresche Wuerzele liewen. Also och hei
Dat bréngt den Dag
De Parking um Rousegäertche geet nees op, zu Bréissel kommen d'Ausseministeren zesummen an haut ass den Dag, op dem den hellege Patrick gefeiert gëtt.

Virum Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté
De CLAE invitéiert dëse Weekend nees an d'Luxexpo. Seng Presidentin Fall Coumba nennt d'Haaptfuerderunge vun der Auslännerorganisatioun.

Umedo: Affer vu Gewalt kënnen hir Blessuren dokumentéiere loossen
Mir froe bei der Dr Corinna Gibfried no, firwat dat esou wichteg ass.

Keng Plaz méi fir Kanner aus anere Gemengen
Zu Réimech gi vun der Rentrée u just nach ganz limitéiert Kanner vun auswäerts an der Grondschoul acceptéiert. Et wier keng Plaz méi, erkläert de Buergermeeschter Jacques Sitz.

D'Arméi wëllt wuessen
Een Dag bei de Rekrute vun der Arméi

Ginn déi familiär Incompatibilitéiten aus dem Walgesetz gestrach?
Mann a Fra, Elteren a Kanner oder och Geschwëster däerfen net mateneen an der Chamber setzen. Gëtt dorun eppes geännert? Explikatioune vum Maurice Molitor.
Dat bréngt den Dag
Dem Hesper Buergermeeschter säi Retour an d'Gemengepolitik, matzen am Sträit am Gemengerot, de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté an eng Übung fir den Eeschtfall, wann en Zuch géif accidentéieren.

US-Taxen: Keng brittesch Géigereaktioun
Och d’Stol- an Aluminium-Importer aus Groussbritannie ginn zënter gëschter an den USA taxéiert. Déi brittesch Regierung wëllt sech awer net mat Taxen op US-Importer revanchéieren. Firwat?
US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun
De Carlo Thelen, CEO vun der Chambre de Commerce, bedauert d'US-Decisioun a begréisst d'EU-Reaktioun.

Wéi schwätzt ee mat Kanner iwwer Krich?
Mir froen den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Marc Schoentgen, wéi Elteren an Enseignantë sech sollen uleeën, wann d'Kanner hinne Froen iwwer d'Aktualitéit stellen.

Sozialwale bei HUT: schwéier Defaite fir den OGBL
Firwat huet den OGBL esou vill Ënnerstëtzung bei de fréiere Caritas-Mataarbechter:inne verluer? D'Analys vum Zentralsekretär fir Gesondheet a Soziales Smail Suljic.

E-Voting: an Estland schonn zënter 20 Joer Realitéit
Wéi funktionéiert d'Wielen iwwer Internet an där baltescher Republik? Explikatioune vum Mihkel Solvak, dee sech op der Universitéit vun Tartu an Estland intensiv mam Sujet befaasst.

Franséischen Atomschierm fir Europa
Mei strategesch Autonomie a Schutz duerch franséisch Atomwaffen?

Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?
Mir froen eis Korrespondentin zu Moskau, d'Inna Hartwich.
Dat bréngt den Dag
G7-Ausseminister-Treffen a Kanada, 5 Jugendparteien zu enger méiglecher Pensiounsreform a besser Zesummenaarbecht fir jonk Réi ze retten

Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?
Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis.

Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper
Den DP-Schäffe reagéiert op de Sträit tëschent der Oppositioun an dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies.

Rumänien: rietsextreeme Presidentschaftskandidat ausgeschloss
De Calin Georgescu, deen Enn November bei den duerno annuléierte Walen déi meeschte Stëmme krut, däerf net méi untrieden. De Cristian Predo, Politolog op der Uni Bukarest, erkläert d'Hannergrënn.
