arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Michel Delage
Episoden

Ginn et blann Flecken an der Caritas-Enquête?
Firwat hält d'Justiz nach ëmmer un der Pist vun der "Fraude au président" fest? De Jean-Claude Franck mat Erklärungen.

Den Hurrikan Milton ass a Florida u Land getraff
Den Hurrikan ass als e Stuerm vun der Kategorie 3 a Florida agetraff, mat Wand-Vitesse vu bis zu 205 Stonnekilometer. Et gëtt gefaart datt d'Iwwerschwemmungen an d'Wellen elo déi gréisst Gefor fir d'Leit op der Küst sinn.

Staatsbudget 2025
De Finanzminister Gilles Roth huet de Projet fir de Staatsbudget 2025 gëschter an der Chamber deposéiert an déi grouss Linnen doraus presentéiert. De Serge Kesseler mécht de Point.

Iwwerschwemmungsgefor?
Wéinst dem ville Ree gëschter an an der Nuecht ass d'Waasserwirtschaftsamt a Bereetschaft. Deen Olivier Jeitz vun der administration de la gestion de l'eau gëtt Detailer.

De Switch vum Token bei d'Luxtrust Mobile App
Bis Enn des Joers muss een déi nei Lux-Trust Mobile Applikatioun aktivéieren. D'Club Haus op der Heed huet speziell Coursen dozou organiséiert fir de Leit ze hëllefen.

De Kulturminister reagéiert
An der Affair ëm den iranesche Kënschtler, deen d‘Land huet misse verloossen, mellt den Eric Thill sech zu Wuert.
"E wichtege Moment fir Lëtzebuerg"
D'Carole Schimmer war gëschter bei der Chamber an huet Stëmme bei der Vereedegung vum Ierfgroussherzog Guillaume agefaangen.

Alerte orange wéinst Reen
De Luca Mathias vu MeteoLux mécht de Point.

Hurrikan Milton
Den US-Bundesstaat Florida preparéiert sech op Wandstäerkte vu bis zu 260 Kilometer an der Stonn an heftege Reen.

Ween ass de Prënz Guillaume?
E Portrait vum Carole Schimmer.

E Gespéich mat der Tania Tennina
Si ass responsabel fir de Protokoll an déi international Relatioune bei der Chamber

Mat der Trounfolleg reduzéiert de Premier Frieden och d'Kontroll vum Haff
Eng vun de Conclusioune vum Waringo-Rapport iwwer d'Mëssstänn an d'Intransparenz um groussherzoglechen Haff war d'Schafe vun der Maison du Grand-Duc. Do kënnt et awer aktuell zu gréisseren Ännerungen.

Wéi koum den Duebelinterview zustan?
De Grand-Duc Henri an de Prënz Guillaume hunn dem radio 100,7 an RTL en Interview ginn. Wéi koum et dozou? A wéi ass d'Gespréich verlaf?

Wéi geet et mat der Fondatioun Caritas weider?
Invitée am Moiesstudio ass d'Nathalie Frisch, Member vum Caritas-Verwaltungsrot

Temoignagen aus der Gaza-Sträif
Wéi gesinn d’Mënschen op der Plaz d’Situatioun ee Joer no der Hamas-Attack? Mir hu mat Leit aus Gaza an Israel geschwat.

Energiewochen: Bei energeetescher Sanéierung d'Bausubstanz erhalen
Energiewochen: Energeetesch Sanéierung fir Bausubstanz ze erhalen. Den Oekozenter Pafendall, de Mouvement écologique invitéieren op Visitte vu Sanéierungsprojeten

Mënschen op der Flucht: Erwaardunge vu Passerell un d'Regierung
Eng Millioune Leit sinn eleng am Libanon op der Flucht. Wat sinn hir Optiounen a wat kënnen déi Lëtzebuerger Autoritéite maachen? Äntwerte vum Marion Dubois vun der Associatioun Passerell.

Zigarettestëmp gehéieren net op den Trottoir
Mat der Sophie Thinnes vun der Waasserverwaltung schwätze mir iwwer eng nei Campagne, déi d'Fëmmerte viséiert.
