Radioen

On air

Mëttesrascht  |  CMAT - Running/Planning

play_arrow Live
arrow_back_ios

Time Flies

1991

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Zäit flitt wuertwiertlech, net just bei Time Flies. Mee awer och bei Time Flies. Zënter leschter Episod attackéiere mir dat véiert Joerzéngt an dëser Emissioun, déi sech duerch populär Museksgeschicht schafft. De Kale Krich neigt sech zum Enn, mee de Grunge trëfft op säin Zenith. Mat Nirvana an Nevermind, natierlech. De Kurt Cobain maach 1991 dominéieren, mee et ass nu wierklech net déi eenzeg Musek, déi an deem ënner dem Stréch ganz spannende musikalesche Joer released gëtt. An dobäi hale mir eis haut och länger bei de franséischen Noperen op - engersäits zu Saint Etienne, mee och zu Seine-Saint-Denis.


Playlist:

1. Nirvana - Something In The Way (op Nevermind; DGC, Sub Pop; 1991)

2. Pearl Jam - Even Flow (op Ten; Epic Associated; 1991)

3. My Bloody Valentine - Sometimes (op Loveless; Creation Records; 1991)

4. Primal Scream - Loaded (Andy Weatherall Mix) (op Screamadelica; Creation Records; 1991)

5. The Orb - Little Fluffy Clouds (op The Orb's Adventures Beyong The Ultraworld; Big Life; 1991)

6. Bikini Kill - Double Dare Ya (op Revolution Girl Style Now; self-released; 1991)

7. Hole - Teenage Whore (op Pretty In The Inside; Caroline Records; 1991)

8. Saint Etienne - Nothing Can Stop Us (op Foxbase Alpha; Heavenly; 1991)

9. Saint Etienne - Spring (op Foxbase Alpha; Heavenly; 1991)

10. Throwing Muses - Not Too Soon (op The Real Ramona; 4AD; 1991)

11. Spacemen 3 - I Love You (op Recurring; Fire Records; 1991)

12. MC Solaar - Bouge de là (Part 1) (op Qui sème le vent récolte le tempo; Polydor; 1991)

13. Suprême NTM - Le monde de demain (op Authentik; Epic; 1991)

14. Paula Abdul - Rush Rush (op Spellbound; Virgin; 1991)

Episoden

1970

En neit Joerzéngt ass ëmmer gläichzäiteg de Moment mat eppes ofzeschléissen, mee natierlech och fir en Neiufank. Et gëtt haart a lues, schéin a knaschteg - d'Musek huet dat neit Joerzéngt mat oppenen Äerm wëllkomm geheescht.
headphones

58 min

play_arrow

1969

1969 war et endlech esou wäit. Et koum zur Moundlandung. Dozou huet e jonken David Bowie de passende Soundtrack geliwwert. Mee och soss gëtt vill spannend Musek ....
headphones

58 min

play_arrow

1968

1968 war emblematesch, ma e ganz präzise Mount vun dem Joer ass et vläicht nach méi
headphones

58 min

play_arrow

1967

D'Joer, an deem de Vietnamkrich weider eskaléiert ass an d'Studenten a Studentinnen et bis uewen hin haten
headphones

60 min

play_arrow

1966

D'Joer, an deem d'Reaktioun op de Vietnam-Krich zu Masseprotester féiert, d'hollännesch Kinnigin en Däitsche bestuet an déi amerikanesch Astronaute weider am Schiet vun de sowjettesche Kosmonaute stinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Time Flies - 1965

D'Joer, an deem de Bob Dylan d'elektresch Gittar an de Grapp geholl huet a Greenwich Village skandaliséiert huet. Mee dat ass alles net esou wichteg, well Lëtzebuerg déi éischte Kéier d'Eurovisioun gewonnen huet.
headphones

58 min

play_arrow

1964

1964 war d'Joer, an deem d'Beatles méi oder manner op de Camillo Felgen getraff sinn, wärend déi brittesch Gittaren de Rocksound dominéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow