
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Moiesstudio
Episoden


3 Joer Krich an der Ukrain
De Lëtzebuerger Daniel Porcedda huet virun dräi Joer mat senger Fra d'Ukrain misse verloossen. Hie vermësst seng zweet Heemecht, wou hie 24 Joer laang gelieft huet.

Walpann zu Tréier
D'Wieler konnten hir Stëmm fir Kandidaten ofginn, déi si guer net kannt hunn.

Walsuccès vun Unioun an AfD vun Demonstratioune begleet
Zu Berlin gouf virun de Parteizentrale vun CDU an AfD demonstréiert. D'Supportere vun der Unioun hu sech iwwerdeems iwwer d'Walvictoire just verhale gefreet.
3 Joer Krich an der Ukrain
Eise Korrespondent Philip Crowther ass fir eis fir dësen Anniversaire an der ukrainescher Haaptstad Kiew.

Luc Frieden zur Bundestagswal
D‘Victoire vun der CDU/CSU géif et méiglech maachen, eng funktiounsfäeg a stabil Regierung ze forméieren, esou de Lëtzebuerger Premier
Dat bréngt den Dag
Reaktiounen op d'Resultat vun der däitscher Bundestagswal an den 3. Joresdag vum Krich an der Ukrain

Verbal Attacke vum Donald Trump: Wéi reagéieren d'Ukrainer?
Mir froen eise Korrespondent Philipp Crowther, deen am Moment zu Kiew ass.

Domaine Tageblatt: Firwat maache Journaliste Wäin?
D'Journalisten an d'Journalistinne vum Tageblatt bedreiwen zënter e puer Méint en eegene Wéngert. Wat ass d'Zil vun deem Projet? Mir froen den Tageblatt-Chefredakter Chris Schleimer.

Walen an Däitschland: Wéi eng Koalitioune si méiglech?
Mir froen eise Korrespondent Matthias Kirsch.

3 Sproochen doheem schwätzen: Wéi gesäit do den Alldag aus?
D’Pebia Urban huet sech mat enger däitsch-polnescher Famill zu Beetebuerg zesummegesat a sech erziele gelooss, wéi hiren Alldag als méisproocheg Famill ausgesäit.

De Succès vun der AfD op Tiktok ass keen Zoufall
Mat enger ganzer Arméi un Accounts spullt d'AfD hir Inhalter op Tiktok. Dohannert stécht eng Strategie. An déi erkläert zum Deel, firwat d'AfD bei Jonken esou vill Succès huet.

Och onperfekt Geméis kann een iessen!
Et gëtt kee Grond, eng Wuerzel oder soss e Geméis net ze iessen, just well et ze kleng oder ze kromm ass. Där Iwwerzeegung ass d'Estelle Flammang vun der Kooperativ Onperfekt.

Europäesch Léisung fir de Fridden an der Ukrain?
De Premier Luc Frieden war zu Paräis fir eng Reunioun mam franséische President Emmanuel Macron.

Lëtzebuerger Filmer op der Berlinale
Direkt 5 Lëtzebuerger Koproduktioune sinn dëst Joer um Filmfestival zu Berlin mat dobäi. De Jeff Schinker huet se gesinn.

Wéi vu Bayern aus de Walkampf bestëmmt gëtt
Dat däitscht Bundesland Bayern strieft fir sech gär eng besonnesch Roll an Däitschland un. Eise Korrespondent Matthias Kirsch beliicht, wéi een Afloss dat an dëser Walcampagne hat.

Fënnef Joer nom rassisteschen Attentat zu Hanau
An engem Documentaire, deen den Owend op 3sat leeft, kommen d’Hannerbliwwen an d’Affer, déi iwwerlieft hunn, zu Wuert.

Vollekskrankheet Obésitéit
All 6. Erwuessenen zu Lëtzebuerg ass obèse. Medikamenter kënnen hëllefen, erkläert den Dr. Rudy Caillet, Médecin-nutritionniste am Centre Spécialisé de l’Obésité zu Stroossbuerg.
