arrow_back_ios

Moiesstudio

100komma7.lu / Moiesstudio

/ US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun

US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

Déi amerikanesch Taxe vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU, déi gëschter a Kraaft getruede sinn, treffen hei am Land virun allem eng Entreprise: Arcelor Mittal. Si exportéiert ongeféier 20 Prozent vun de Palplanchen an Träger, déi hei gewalzt ginn, an d’USA. D’Géigemesuren, déi d’EU-Kommissioun gëschter a Form vun Taxen op Jeans, Motorrieder a Whisky ugekënnegt huet, hëllefen dem Lëtzebuerger Stolproduzent natierlech näischt. De CEO vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen hält déi europäesch Reaktioun nawell fir adäquat.

Episoden

Videospiller: wéi vill ass ze vill?

"Fortnite", "Minecraft", "Call of Duty" - alles problematesch? Sinn edukativ Games automatesch besser? A vu wéini u schwätzt ee vun exzessivem Verhalen? Froen un de Brice Clocher.
headphones

10 min

play_arrow

Neie System fir d'Grenzkontrollen um Findel

Um Findel funktionéiert zënter bal véier Wochen deen neie Grenzkontrollsystem fir d’An- an d’Ausrees vun Drëttstaatler am Schengenraum ze erfaassen.
headphones

5 min

play_arrow

Wat maache géint de Wanterblues?

Mir froen d'Jessica Levy, Psychologin bei SOS Détresse.
headphones

7 min

play_arrow

Am Sudan leiden zéngdausende Leit un Honger

Mir hu mat der Unicef iwwer d'Situatioun op der Plaz geschwat.
headphones

4 min

play_arrow

Eventtipp: Paralympic Day

Vu muer de Moien 10 Auer u geet et am Rehazenter hei um Kierchbierg ëm de paralympesche Sport.
headphones

4 min

play_arrow

"Schwangerschaftsjoker"

En neit Buch mécht op d'Risiken opmierksam, déi d'Liewensgewunnechte wärend der Schwangerschaft op déi liewenslaang Gesondheet vum Puppelche kënnen hunn.
headphones

13 min

play_arrow

Nom Brand am Gemengenhaus zu Jonglënster: Eenegung mat den Assurancen

Nom Groussbrand Ufank 2024 am Gemengenhaus zu Jonglënster gëtt et elo eng Eenegung mat den Assurancen. Dat sot de Buergermeeschter Ben Ries (DP) dem Radio 100,7.
headphones

4 min

play_arrow

D'USA erliewe grad dee längste Shutdown an hirer Geschicht

Eise Korrespondent Philipp Crowther erkläert, wéi eng Auswierkungen et huet, datt d'Republikaner an d'Demokrate sech nach ëmmer net iwwer den amerikanesche Staatsbudget eens sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Wann d'Police op e Kaffi aluet ...

D’Police wëllt méi no un de Bierger:inne sinn an huet sech dofir eppes afale gelooss: D’Formule “Op e Kaffi mat der Police”.
headphones

4 min

play_arrow

Eventtipp: BMAD am Liquid

Haut den Owend (6.11.) spillt d’Blues-Grupp BMAD e Concert am Liquid am Stater Gronn.
headphones

2 min

play_arrow
Keng Zich tëschent Beetebuerg an der Stad: Wéi grouss ass den Impakt?

Keng Zich tëschent Beetebuerg an der Stad: Wéi grouss ass den Impakt?

De Rick Mertens mellt sech live vun der Beetebuerger Gare.
headphones

8 min

play_arrow
Chamber-Petitiounen: Wat passéiert duerno? | © Chambre des Députés

Chamber-Petitiounen: Wat passéiert duerno?

Mir hu bei der Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun nogefrot, wéi ee Suivi Petitioune kréien, nodeems an der Chamber doriwwer geschwat gouf.
headphones

5 min

play_arrow

Trotz Protester: D'Bëllegmark Shein wëllt e Geschäft zu Parais opmaachen

Eise Korrespondent Max Tholl erkläert d'Hannergrënn.
headphones

5 min

play_arrow
Vullegripp bei Zuchvullen

Vullegripp bei Zuchvullen

Natur&Ëmwelt warnt, datt d'Infektiounszuelen nach däitlech kéinte klamme bei de wëlle Vullen
headphones

9 min

play_arrow

De Laurent Mauvignier gewënnt de Prix Goncourt

Dee renomméiertste franséische Literaturpräis geet dëst Joer un e Buch vu 750 Säiten: "La maison vide"
headphones

3 min

play_arrow

Eventtipp: Karaoke op der Stater Theaterplaz

Am Bar L'Adéquat kann een den Owend seng Liblingslidder sangen.
headphones

2 min

play_arrow
Neie CT-Scanner am LNS | © Moris Garzaro

Neie CT-Scanner am LNS

Zanter Mëtt Mee dëst Joer huet d’Departement vun der Rechtsmedezin am Laboratoire National de Santé e Computertomografie-Scanner. Virun 3 Woche gouf en offiziell ageweit.
headphones

5 min

play_arrow
Wéi eng Reegele gëllen, wa Politiker an der Schoul schwätzen?

Wéi eng Reegele gëllen, wa Politiker an der Schoul schwätzen?

Mir froen den Educatiounsminister Claude Meisch, nodeems d'ADR sech beschwéiert huet, well se d'lescht Woch net op eng Table ronde an de Lycée Hubert Clement invitéiert gouf.
headphones

6 min

play_arrow
Virum Héichhaus: D'Police test neit Sécherheetsekipement | © Rick Mertens

Virum Héichhaus: D'Police test neit Sécherheetsekipement

De Rick Mertens ass op der Plaz fir sech unzekucken, wat do déi ganz Woch iwwer getest gëtt.
headphones

8 min

play_arrow

The Deal

D'Serie ronderëm d'Verhandlungen iwwer en Atomofkommes mam Iran am Joer 2015, déi een am Moment an der ARTE Mediathéik kucke kann, ass eng Lëtzebuerger Koproduktioun.
headphones

3 min

play_arrow