Déi amerikanesch Taxe vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU, déi gëschter a Kraaft getruede sinn, treffen hei am Land virun allem eng Entreprise: Arcelor Mittal. Si exportéiert ongeféier 20 Prozent vun de Palplanchen an Träger, déi hei gewalzt ginn, an d’USA. D’Géigemesuren, déi d’EU-Kommissioun gëschter a Form vun Taxen op Jeans, Motorrieder a Whisky ugekënnegt huet, hëllefen dem Lëtzebuerger Stolproduzent natierlech näischt. De CEO vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen hält déi europäesch Reaktioun nawell fir adäquat.
arrow_back_ios
Moiesstudio
US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Yuriko Backes: "Mir sinn an der krasser Realpolitik ukomm"
En Interview mat der Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch no zwee Deeg Reuniounen um Niveau vun der NATO
Dat bréngt den Dag
Regierungsrot, eng Konferenz a Saache Recht op eng gesond Ëmwelt, eng Podiumsdiskussioun zu den däitsche Bundestagswalen an d'Sécherheetskonferenz zu München

Eng Uergel an der Schoul
D'Privatschoul Sainte-Sophie an der Stad krut eng eegen Kierchenuergel.

6 Lëtzebuerger Koproduktiounen op der 75. Berlinale
En éischte Bléck op ee Festival, deen haut den Owend start.

LUNEX: D'Sporthéichschoul besteet zanter 10 Joer
Mir froen den akademeschen Direkter Andreas Mierau op an den nächste Joren nei Studiegäng dobäikommen.

KI-generéiert Radiosemissioun op France Culture
D'lescht Woch gouf an deem populäre Format “Les Pieds sur terre” eng Episod diffuséiert, déi komplett vun der Kënschtlecher Intelligenz geschriwwen an ageschwat gouf. Explikatioune vun der Produzentin.

Haut ass Weltradiodag
Haut ass Weltradiodag

Stuesend am Fued
... ass kee Schreiffeeler, mee gemengt ass natierlech "Fuesent am Stued". Dräi Owender ginn do éischter onbekannt Lëtzebuerger Fueslidder presentéiert.

Pensiounen: GERO däerf mat diskutéieren
De Kompetenzzenter fir den Alter gouf vun der Sozialministesch invitéiert an den Expertegruppe matzeschaffen. Wéi een Input kann e liwweren? Froen un den Direkter Alain Brever
Dat bréngt den Dag
Chamberplénière, SES-Pressekonferenz a Berlinale

Op wat muss een oppassen, wann ee KI benotzt?
Mir froen den Alain Hermann vun der nationaler Dateschutzkommissioun CNPD.
Entwécklungszesummenaarbecht: D'Erwaardunge vun den ONGen un d'Regierung
Am Virfeld vun der Deklaratioun vum Kooperatiounsminister Xavier Bettel haut (12.2.) an der Chamber erkläert den David Hoffmann (ASTM, Cercle de coopération des ONGD), wat hie sech vun der Ried erhofft.

Poutty Stein revisited
Georges Urwald a Serge Tonnar hunn ënner dem Titel "Kapoutty" eng Rei bekannt a manner bekannt Lidder vum populäre Chansonnier op eng onkonventionell Manéier nei agespillt.

Wat wëssen d'Leit iwwer de Pensiounssystem?
Erschreckend wéineg, wéi et schéngt. Zu där Conclusioun kënnt e representative Sondage vun der Firma Quest, där hire Chef Carlo Kissen d'Resultater am Moiesstudio analyséiert.
Dat bréngt den Dag
An der Chamber geet et ëm d'Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik, déi zweet Phas vun den Debaten iwwer eng Reform vum Pensiounssystem an de Luxembourg City Film Festival gëtt virgestallt.

Internationalen Dag vun de Fraen an der Wëssenschaft
Op dësem Dag soll weltwäit drop higewise ginn, wéi vill u Potential der Wëssenschaft verluer geet, well Fraen a Meedercher nach ëmmer net déi selwecht Chancen an der Fuerschung hunn.
Ardennenoffensiv: Veianen gouf virun 80 Joer befreit
De Lokalhistoriker Marcel Scheidweiler sëtzt sech fir Erënnerung dorun an.

Diskussioun ëm eng Skulptur
D'Artistin Florence Hoffmann erkläert, firwat si reliéis Symboler an hirem Wierk “Mir, Wir, Nous, Us” verschafft huet, an datt doduerch kee sech soll ausgeschloss fillen.
Waasserkraaft zu Lëtzebuerg
Wéi eng Roll spillt d'Waasserkraaft an der Energie-Landschaft hei am Land?
