Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Trauma, Dram a Poesie
De bosneschen Auteur Faruk Sehic huet seng Krichserliefnisser an engem Roman verschafft.
Zwou Barleby-Delicate-Kollaboratiounen am elektronesche Stil
An der Mëtt vu villen anere Projete bréngt de Georges Goerens am Solo d'Resultater vun zwou musikalesche Renconteren eraus.
Trauma, Dram a Poesie
De bosnesche Auteur Faruk Sehic huet seng Krichserliefnisser an engem Roman verschafft.

"Keng gutt Iddi, sech op d'Wëssenschaft als Retter ze verloossen"
Extrait aus engem Interview mam amerikanesche Science Fiction-Auteur Brian Evenson
Et war emol en Neil-Young-Album ...
Laang erwaart an elo endlech disponibel ass "Chrome Dreams" - e verluerenen Neil-Young-Album vun 1977.
Weltoppenheet an Nohaltegkeet
Déi éischt Editioun vum beléifte Museksfestival no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch - a bleift de Grondsätz vu sengen Organisateuren trei.
Weltoppenheet an Nohaltegkeet
Déi éischt Editioun vum beléifte Museksfestival no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch - a bleift de Grondsätz vu sengen Organisateuren trei.
Weltoppenheet an Nohaltegkeet
Déi éischt Editioun vum beléifte Museksfestival no der Pandemie ass am Park vun der Stad Miersch - a bleift de Grondsätz vu sengen Organisateuren trei.

"Keng gutt Iddi, sech op d'Wëssenschaft als Retter ze verloossen"
E Gespréich mam amerikanesche Science-Fiction-Auteur Brian Evenson iwwer säi post-apokalyptesche Roman "Immobilité" (Editions Rivages)
