Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

Koll an Aktioun 2024
De Georges Goerens an de Bob Seyler vum Booking Team vun der Kollibri asbl stellen eis d‘2024er Editioun vum beléifte Koll an Aktoun Festival am Mee vir.

Stierwe fir eng Béchs Béier? D’Sophie Langevin adaptéiert "Ce que j’appelle oubli"
Dem Laurent Mauvignier säi kritesch-poeteschen Text gëtt vum Luc Schiltz am Dialog mat der Création sonore vum Multi-Instrumentalist Jorge De Moura gespillt.
Nom Doud vum Moler Henri Kraus
De Konschtexpert Paul Bertemes iwwert de Moler, Konschterzéier, Professor a Member vum CAL.
“Bienvenue à la Villa! (2)” – Een Iwwerbléck vun de zäitgenëssesche Wierker, déi d‘Villa Vauban rezent akaaft huet.
D'Ekipp vun der Villa Vauban sammelt Konscht net fir sech oder fir den Archiv, mee fir eis alleguer.
Danzbar, positiv Roserei
Les Amazones d’Afrique hunn eng nei Plack dobaussen, hir drëtt. Si heescht Musow Danse, Danz vun de Fraën.

De Bléck op de kulturellen Agenda
Wat ass dës Woch an de Kulturhaiser uechtert Land lass? Mir hunn den Iwwerbléck mat derbäi.

Kritik zu The New Look
Mat enger héichkaräteger Besetzung erzielt déi nei Apple TV-Serie „The New Look“ vun der Rivalitéit tëscht Dior a Chanel an der Zäit vum Zweete Weltkrich.

Ënnert dem Titel „Memories“ gi véier Wang-Bing-Filmer, a spezieller Zeenographie, am Cercle Cité presentéiert.
Avis aux amateurs: haart realistesch Documentaire vum chinesesche Realisateur Wang Bing.

„Wang Bing Memories“
Avis aux amateurs: haart realistesch Documentaire vum Wang Bing.

Ënnerwee am Kammerwald
Ee geopoeeteschen Ausfluch mam Schrëftsteller a Paleontolog Robert Weis

D'Expo "No Place Like Home" an der Galerie Schlassgoart
De Miikka Heinonen an d’Chantal Maquet sinn allenzwee Laureate vum Prix Pierre Werner 2022 - a stellen dowéist nach bis den 2. Mäerz zesummen an der Galerie Schlassgoart aus.
Wuert vun der Woch: Humor
Wat genee huet Humor mat Fiichtegkeet ze dinn?

Marcy - Steuerrad (feat Skuto & Nick Ryan)
Mam Rapper Skuto, sengem Wiener Songwriterkolleeg Nick Ryan an dem Produzent Suki koum kierzlech der Marcy hir nei Single “Steuerrad” eraus.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der neier Filmwoch mam Michel Delage.

De Wonsch no Fräiheet
D'Yona faasst de Wëllen zur Fräiheet a Musek
Nei am Kino
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Filmwoch.
Guy Helminger - Das Geräusch der Stillleben
Verflecht Begéinungen duerch de Raum an duerch d‘Zäit
