Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Out Of The Crowd Festival 2024
De schéinste Festival fir alternativ Musek an Underground-Kultur feiert säin 20. Anniversaire. Mir si live dobäi.
De Steve Albini war (k)ee Produzent...
Analogopname mat vill Dynamik, déi op dat Präziist d’Zesummespill vun der Band afänke wollten – dat waren an e puer Wieder d‘Markenzeeche vum amerikaneschen Tountechniker Steve Albini.

De Steve Albini war (k)ee Produzent...
Analogopname mat vill Dynamik, déi op dat Präziist d’Zesummespill vun der Band afänke wollten – dat waren an e puer Wieder d‘Markenzeeche vum amerikaneschem Tountechniker Steve Albini.

Eurovisioun: D'Stëmmung virun der grousser Finall
D'Sophie Schroeder beriicht live vu Malmö

Am Gespréich mat der Catherine Elsen
D'Catherine Elsen iwwert hire Projet "The Memory of Voice"
D'Stëmmung no der Halleffinall
Zanter gëschter wësse mer, datt d'Tali et an d'Finall vum ESC gepackt huet, a Lëtzebuerg de Samschden an der Finall vertrëtt. D'Sophie Schroeder huet op der Plaz e puer Stëmmen agefaangen.
De Lëtzebuerger-Saarbrécker Kënschtler:innen-Austauschprogramm Artmix 2024 ënnert dem Motto “Gossip – Matters hard to grasp”.
Zanter 2005 versichen d’Partnerstied Lëtzebuerg a Saarbrécken mam Kënschtler:inne-Residenze-Programm Artmix eng nei Zort vu Kollaboratioun a Renconter tëscht de Kënschtler:innen aus der Groussregioun ze fërderen.
Theaterkritik: "Ech sinn um Enn vun deem, wat ass"
Dem Samuel Hamen säin Text dréit d'Jeanne Werner am TNL als zeenesch Liesung vir.

E Gespréich mat der Comic-Kënschtlerin Barbara Yelin
Gëschter Owend war déi däitsch Comic-Kënschtlerin amInstitut Pierre Werner fir iwwer hiert Buch „Emmie Arbel – DieFarbe der Erinnerung“ ze schwätzen.

Live vu Malmö
Den Owend gi mer gewuer, ob d'Tali et um Eurovision Song Contest bis an d'Finall packt. D'Sophie Schroeder ass fir eis op der Plaz a liwwert e puer Andréck.
Wéi lafen d'Halleffinallen an d'Final vum Eurovision Songcontest of?
No 31 Joer ass och Lëtzebuerg erëm vertrueden

"Anescht wéi am klassesche Western steet hei eng Fra am Mëttelpunkt"
Interview mam dänesch-amerikanesche Cineast an Acteur Viggo Mortensen iwwer säi Western "The Dead don't die".

Kulturagenda
Den Nicolas Calmes féiert duerch d'kulturell Highlights vun der Woch

Richtung22: Eraus aus dem Bâtiment 4?
E Face-à-Face tëscht dem Felix Adams, Member vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 an dem Pim Knaff, Escher Kulturschäffen (DP) a Präsident vun der frEsch asbl
En Numm wéi ee Pneu, vill Whiskey an eng Grëtz Liewensmiddegkeet: "Times Square" vum Clément Koch am TOL
Den TOL schléisst seng Saison mat engem Eloge op den Theater of.
En e bëssen anere Portrait vum Paul Auster
Den amerikanesche Schrëftsteller ass des Woch gestuerwen
En e bëssen anere Portrait vum Paul Auster
Den amerikanesche Schrëftsteller ass des Woch gestuerwen

Zanter 2022 ouni "Ouni": déi alternativ Akafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat
Wéi Diddelenger Ouni-Adepten den Echec vun hirem Null-Verpackungsbuttek erlieft hunn.
