Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d’Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
arrow_back_ios
Kultur
Out of the Crowd 2025: Déi Zwanzegst!
headphones
16 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden

“Den Cello huet mech ausgewielt”
De jonke serbeschen Cellist Petar Pejčić spillt säin alleréischte Concert an der Philharmonie (22.10.)

Filmkritik: "L'Amour ouf"
Dëse romanteschen Drama vum Fransous Gilles Lellouche ass am Grousse Kino beschwat ginn.

39. Saison vun der Kammerata Luxembourg
Eng Saison mat ville Neierungen – ënnert anerem ass d’Sandrine Cantoreggi elo Präsidentin vum Ensembel

Am Gespréich mat der Sophie Langevin
Der Metteuse en scène hir nei Produktioun "Les Glaces" leeft am Escher Theater

Um Radar - ënnert der Woch
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir dës Woch net sollt verpassen.

Chilly Gonzales – Gonzo an der Phil
De Marc Clement hat d'Geleeënheet mat kanadesche Pianist ze schwätzen

Enseignanten op der Bün am Escher Conservatoire
Concert mat engem Enseignant-Trio am Escher Conservatoire

Um Radar - De Weekend
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir de Weekend net sollt verpassen.
Griselda
Eng Netflix-Serie iwwert d’Liewe vun der Drogenhändlerin Griselda Blanco, gespillt vun der Sofia Vergara
Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek
Ee Concert mat der Militärmusek ënnert der Leedung vun der jonker Lëtzebuerger Dirigentin Véronique Bernar an dem Lieutenant Jean Thill.

Booker Prize (6) Orbital vun der Samantha Harvey
Mir liesen eis hei um 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher di fir de Booker Prize. An des Kéier stelle mir eent vir, dat et op d'Shortlëscht gepackt huet.

Booker Prize (5) Creation Lake vun der Rachel Kushner
An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir

"Et ass mäi Séilemoment"
D'Lëtzebuerger Schauspillerin, Regisseurin a Moderatrice Désirée Nosbusch huet déi grouss Gala vum OPUS KLASSIK fir déi véiert Kéier am Konzerthaus zu Berlin moderéiert.

Cineast (5): "Tarika" a "Zinema"
E Bléck op de Filmfestival fir zentral- an osteuropäesch Filmer
éclore vun der Aude Mermilliod
Engautobiographesch BD, déi grad grouss Welle schléit

“Sols et sous-sols”: d’Resultater vun enger kollektiver Recherche als Gruppen-Installatioun
Den DKollektiv huet de Kontakt mam industrielle Passé gesicht, fir d’Zukunft an Ugrëff ze huelen

Lone Wolf vum Isaac Bush an der Anne Simon
Eng Theaterrezensioun iwwert e Stéck op Gibberish, dat all Handlung iwwer Bord geheit.

Ee (kuerzen) Hommage un de verstuerwene Paul Bertemes
Ee kuerzen Hommage un de verstuerwene Konschthistoriker, -expert a Kulturjournalist Paul Bertemes.

Interview mam Alborz Teymoorzadeh
De 6. Oktober huet den iranesche Fotograf Alborz Teymoorzadeh d’Land misse verloossen, well seng Openthaltsgeneemegung op en Enn koum an den Inneministere refuséiert huet, se ze erneieren
