Wäiss, wollen Déier am Wäibierg? Jo, Dir gesitt richteg. Laanscht d’Musel ginn ëmmer méi Schof als natierlech Alternativ zu Maschinnen an Herbizid agesat. Op knapp 15 Hektar Wéngerten uechter d’Museldall grasen d’Déieren. Dat Ganzt ass Deel vun engem Fërderprogramm, deen de SIAS zesumme mat der Regierung ausgeschafft huet. Och an de Wéngerte vum Domaine Aly Duhr zu Ohn sinn eng 40 Schof am Asaz a këmmere sech ëm d’Onkraut.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Schof an de Wéngerten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance / imageBROKER | Ulrich Rosenschild)
mic_none
Presentéiert vum
- Jimmy Bruch
Episoden

Syrer zu Lëtzebuerg
Wëlle si zeréck? Fir d’Syrier a Syrierinnen hei am Land huet sech zënter Ufank Dezember eppes geännert. Entretemps stellt ee fest, datt net alles esou roseg ass wéi am Ufank geduecht.

Neie Léierstull mam Numm Histoire et Migration
Gëschter (3.3.9 huet d'Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Gemeng Diddeleng an dem CDMH (dem Centre de Documentation sur les Migrations Humaines) en neie Léierstull ageféiert.

Frais d'inscription op der Uni.lu
D'UNEL kritiséiert, datt d’Aschreiwungsfraisen op der Uni.lu solle vu September u verduebelt ginn. De Rekter vun der Uni.lu mengt, datt d’Hausse d’Studenten net finanziell méi belaaschte géif.

Neie Léierstull mam Numm Histoire et Migration
Gëschter (3.3.9 huet d'Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Gemeng Diddeleng an dem CDMH (dem Centre de Documentation sur les Migrations Humaines) en neie Léierstull ageféiert.

Retail Report 2025
Am Eenzelhandel hält d’Tendenz hei am Land weider un, fir aus de Stadkären eraus a Grande-surfacen iwwer Land ze goen, esou ee Rapport zum Theema. Explikatiounen vum Direkter vun der Luxembourg Confederation
Dat bréngt den Dag
Debatt iwwer d'Ukrain an déi europäesch Sécherheet, nei Reegele fir Petitiounen a Student's Job Day

"Déi schéinst Woch am Joer"
Den Documentaire iwwer d'Barrage-Woch am Lëtzebuerger Fussball ass op "Buvettes-Tournée". De Pit Arnold schwätzt doriwwer am Moiesstudio.

Naturpark Öwersauer: Déi nächst 10 Joer
Deen éischte Lëtzebuerger Naturpark gëtt méi grouss a wëllt mat neien Iddien an d'Zukunft goen. Explikatioune vum President Jeff Gangler.

Den Ausbau vum Tram op Esch a Bieles gëtt ëmmer méi konkret
Den Tram ass elo um Findel ukomm, an den nächste Jore geet et a Richtung Esch an Areler Strooss, Hollerech an um Kierchbierg virun.

Trajet op d'Aarbecht: Ëmmer nach am léifste mam Auto
D'Auswäertung vun der Vollekszielung 2021 weist, datt den Undeel vu Leit, déi mam ëffentlechen Transport op d'Aarbecht fueren, bannent 10 Joer quasi net bougéiert huet. Waren d'Investissementer ëmsoss?

D'Weststreck zu Tréier geet op
Vun haut de Moien un ass d'Weststreck zu Tréier fir de Persounen-Zuchverkéier op. Vun der Reaktivéierung vun der Weststreck solle souwuel d'Leit déi do Liewen, wéi och d'Frontalieren an Touriste profitéieren.
Dat bréngt den Dag
Diskussiounen iwwer d'EU-Sécherheetspolitik, d'Situatioun an der Ukrain an e Rapport iwwer d'Situatioun am Eenzelhandel

De Sonndeg ass d’Dikrecher Kavalkad
52 Ween, déi duerch Dikrech fueren, virun Dausende Visiteuren.

Rar Krankheeten: Ee Kampf fir méi Opmierksamkeet
Den 29. Februar ass den Dag vun de rare Krankheeten. Déi sinn zwar net esou seelen, mee ëmmer nach net interessant genuch fir d'Pharmaindustrie sech dofir ze interesséieren. Interview mam ALAN-President

Steven Pitman: En Äddi un déi grouss Bün
E Sonndeg seet de Steven Pitman no 25 Joer als Elvis Tribut Artist der grousser Bün Äddi, an dat mat sengem Elvis-Farewell Concert mat ville Lëtzebuerger Museker am groussen Auditorium vun der Philharmonie.

Viru 5 Joer gouf et deen éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg
Den 29. Februar 2020 gouf deen éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg nogewisen. Wat du koum, hu mir nach all an Erënnerung: Lockdownen, Maskepflicht ... E Réckbléck
Dat bréngt de Weekend
Ouverture vun der Tramsstreck op de Findel, Nationalkongresser vun CSJ an déi Konservativ an d'Fuesend

Déifferdeng: Jonker sollen eng dediéiert Plaz am ëffentleche Raum kréien
Keng Aarbecht, keng gutt Wunnsituatioun, Alkohol, Drogen: Zu Déifferdeng hu vill Jugendlecher Problemer. Do, wou si sech am ëffentleche Raum wëllen treffen, fille sech anerer gestéiert.

Doudeg Wëllvigel: E kriminellen Akt
Warscheinlech huet en Onbekannten am Zéissenger Park Mais- a Rategëft verdeelt, wéinst deem elo eng ganz Rei Vigel ëmkoumen. Explikatioune vum Dr. Felix Wildschütz, dem Direkter vun der ALVA.
