Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten. Keent dovunner koum - wéi dat nawell üblech war - an enger staark gekierzter Versioun eraus (de sougenannte radio edit), fir datt se “radiotauglech“ waren an net wéinst Iwwerlängt direkt am Archiv gelant sinn.
De Genre Classic rock gëtt besonnesch benotzt fir Opnamen, déi an de spéide Sechzeger bis Mëtt Siwwenzeger am Beräich Rock produzéiert goufen. De Begrëff sollt allerdéngs eréischt e puer Joer duerno opdauchen, eng amerikanesch Radiostatioun hätt en 1981 als éischte benotzt. Mat den erweiderten technesche Méiglechkeeten an neien Instrumenter - speziell am Keyboard-Beräich - goung d’Zäit vum Classic rock lues awer sécher op en Enn. Mee och méi spéit hunn ëmmer erëm Rock-Acts sech un de Kompositioune vun deemools inspiréiert.
Playlist:
1. Status Quo - Roadhouse Blues (Piledriver, 1972 / Orginal: The Doors, Morrison Hotel, 1970)
2. Green Day - Like A Rolling Stone (21st Century Breakdown, 2009 / Orginal: Bob Dylan, Highway 61 3. Revisited, 1965)
4. Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
5. Spooky Tooth - I Am The Walrus (The Last Puff, 1970 / Orginal: The Beatles, Magical Mystery Tour, 1967)
6. Mike Harrison - Make Me Smile (Mike Harrison Meets The Hamburg Blues Band, 2006)
7. Crosby & Nash - Don’t Dig Here (Crosby &Nash, 2004)
8. Crosby, Stills & Nash - Dear Mr. Fantasy (CSN Box Set, 1991 / Orginal: Traffic, Mr. Fantasy, 1967)
9. Frumpy - How The Gipsy Was Born (Frumpy 2, 1971)
10. Jefferson Starship - Miracles (Red Octopus, 1975)