arrow_back_ios
Kultur
Berlinale (9)
headphones
17 min
Lauschteren
play_arrow
Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséiert.
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden

Michael Krüger am gespréich
A sengem Wierk “Verabredung mit Dichtern” schreift den däitsche Schrëftsteller, Iwwersetzer a jorelaange Leeder vum Hanser-Verlag iwwer seng Erënnerungen a Renconteren.

Buchkritik: Jhemp Schuster - "Béischten"
Den Auteur vu "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" mat enger weiderer Mëschung aus Familljesaga, Duerfchronik a Kulturgeschicht.
Den Dekor an d'Kostümer vun "The Crown" kënne gesteet ginn
Wärend enger Stee ginn haut zu London den Dekor an d'Kostümer vun der Serie "The Crown" verkaf.
Wuert vun der Woch: Februar
Wéi all Mëttwoch hëlt de Schrëftsteller Jean Portante eis mat op eng etymologesch a poetesch Rees ronderëm säi Wuert vun der Woch

Gespréich mam Sascha Dahm, neien Direkter vun Theaterfederatioun
Et geet Rieds iwwer d'Erausfuerderunge vum neie Posten an Zukunftsperspektive vun der Theaterbranche.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der neier Filmwoch mam Michel Delage.
Nei am Kino
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Filmwoch an éischten Informatiounen iwwer de Luxfilmfest.
Di lescht indesch Postkaart vun eisem Auteur Guy Helminger kënnt vu Kolkata.
De Schrëftsteller Guy Helminger ass zu Kolkata a Westbengale gelant, wou e Literaturfestival stattfënnt, e Kontrastprogramm zu enger Stad, déi vill Aarmut weist.

Ze wéineg Lëtzebuerg?
Ee Réckbléck op d'Eurovisioun mam Chris Reitz, Präsident vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs
D'Florence Martin verléisst United Instruments of Lucilin
Iwwer zéng Joer war si Co-Directrice vum Ensembel. Mee elo geet et weider mat engem neie Posten als Directrice artistique.
Kid Colling Cartel: "Living on the Wild Side"
De Kid Colling Cartel bréngt sain 2. Album "Living on the Wild Side" de Freiden an der Rockhal eraus.
Lucilin in the City: Sounds in Space
Den Ensembel United Instruments of Lucilin luet nees op en aussergewéinleche Concert mat zäitgenëssescher Musek an.
De Flavien Berger am Atelier
En aussergewéinleche Concert tëschent Chanson française an Electro-Pop
Dem Guy Helminger seng Impressioune vu Rajasthan
De Schrëftsteller Guy Helminger fiert duerch Rajasthan am Norde vun Indien, wou grad gewielt a gefeiert gëtt.
"Forced Amnesia"
Der Mary-Audrey Ramirez hir nei Expo am Casino: Sech d’Welt esou maachen, wéi se engem gefällt? D’Mary-Audrée Ramirez ka guer net anescht.

De Paul Celan an de Jean Portante
De Lëtzebuerger Schrëftsteller huet ausgewielte Gedichter vum Paul Celan op Franséisch iwwersat.

Raymond Schaack - Im Banne des Unendlichen
Haiku an Illustratiounen iwwer Kontinuitéit a Bestännegkeet
