arrow_back_ios
Moiesstudio
Quadrell an Däitschland
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow

(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)
An der leschter Woch vum däitsche Walkampf stounge sech gëschter déi 4 Spëtzekandidaten a -kanditatinne géigeniwwer. De Robert Habeck vun de Gréngen, d'Alice Weidel vun der AfD, den Olaf Scholz vun der SPD an de Friedrich Merz vun der Union hunn ënner anerem iwwer d'Theema Migratioun debattéiert.
Episoden

Zeenewiessel: Den neien 100,7-Doku-Podcast ass elo disponibel
Zeenewiessel, dat si spannend Recherchen, seriell verzielt. An der éischter Serie geet et ëm d'Kollateralschied vum Krich géint den Terror zu Lëtzebuerg.

Nei Logementsmesuren: Ginn elo méi bezuelbar Wunnenge gebaut?
Mir froen den David Wagner vun Déi Lénk, wat hie vun der Regierung hire Mesuren hält.
Dat bréngt den Dag
Detailer iwwert den Autosfestival, Spezialkommissioun Caritas a Google-Datenzenter

Feier zu Los Angeles: Wéi grouss ass de Schued?
Mir froen eise Korrespondent op der Plaz, de Philipp Crowther.

Grénge Waasserstoff vu Lëtzebuerg
De Pit Losch aus dem Wirtschaftsministère erkläert d'Iddi hannert engem Appel à projets fir Produktiounsanlage vun CO2-fräiem Hydrogène.

Robert Mehlen: De fréien ADR-President kritiséiert déi eege Partei
De fréieren ADR-President huet geschter e ganz kritesche Lieserbréif am Wort publizéiert. Mir froen hien op d'Partei scho reagéiert huet.

De Martin Rajna ass neien Dirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker
Eise Klassikredakter Christophe Mirkes beliicht d'Hannergrënn vum Wiessel un der Spëtzt vum OPL.

Elefantegras: En nohaltege Baustoff
Miscanthus (oder Elefantegras) kann een net just an de Gaart stellen, mee et kann een och Planzebëton draus maachen. Mir hu mat engem Produzent geschwat.

De Gaspräis misst stabil bleiwen
Enovos Lëtzebuerg rechent domat, datt d’Gesamtkäschte fir privat Gasclienten an den nächste Méint stabil bleiwen.
Dat bréngt den Dag
Simplification administrative, Presentatioun vum CMCM Indoor Meeting a Regierungsrot
Chrëschtbeemercher fir Geessen
Den Dave Delvaux sammelt Chrëschtbeemercher fir seng Geessen: déi hunn d'Nole vun den Dännen a Fichten net nëmme gär, mee se sinn och nach gesond.
De (komplizéierte) Wee an d'Selbstännegkeet
Et ass guer net esou einfach, eng eegen Entreprise ze grënnen. D'House of Entrepreneurship kann een op deem Wee begleeden. Seng Directrice Stéphanie Damgé ass Invitée am Moiesstudio.

Stater Immobilitéit
An der Stad Lëtzebuerg stinn d'Automobilisten am Duerchschnëtt 55 Stonnen d'Joer am Stau: wat inspiréiert déi Zuel dem Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt?

Stéphanie Weydert
D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber-Spezialkommissioun äntwert op de Reproche vun der Caritas.

Meteosat-12: Dee fortschrëttlechste Wiedersatellit
Déi staatlech Wiederagence MeteoLux gëtt elo mat Donnéeë vun dësem Wiedersatellit gefiddert an erwaart sech besser Wiederprevisiounen.

Héichwaassergefor
Den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung mécht de Point vun der Situatioun.
Dat bréngt den Dag
Urteel am Prozess géint fréieren Direkter vu Clierfer Lycée, den OPL kritt e neie Chefdirigent, Staatlech Trauerfeier an den USA fir de Jimmy Carter
Lëtzebuerger Betriber op der Elektronik-Foire zu Las Vegas
D'CES gëllt als eng vun de wichtegsten internationale Foirë fir déi neiste Produiten an der Elektronikbranche. D'Cindy Tereba vun der Chambre de Commerce verréit Detailer iwwer d'Presenz vu Lëtzebuerg.

Foodsharing: Eng Manéier ze verhënneren, datt Iessen an d'Poubelle flitt
Mir froen ee vun de Matgrënner vum Projet, wéi dat Ganzt funktionéiert, a wéi vill Leit hei am Land matmaachen.
