De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
headphones
41 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Dobaussen ass et dach am schéinsten!
De Claude Karger vum Script proposéiert eis e puer Tippen, wat een alles Flottes dobausse ka maachen.

Firwat ass dee Krich an der Ukrain?
Zanter leschter Woch ass e Krich an der Ukrain. An dir, Kanner, stellt iech bestëmmt vill Froen doriwwer.

Wéi beweegt ee schwéier Saachen?
D'Michèle Weber vu Science.lu weist mat engem Experiment, wéi een zimmlech schwéier Laaschten ganz einfach ka vun A no B transportéieren.

Wanderweeër zu Lëtzebuerg
Mam Claude Karger op flott Wanderweeër uechter d'Lëtzebuerger Land ënnerwee
Wat ass e Panzerfësch?
Et geet ëm den Datum 22.02.2022 an ëm Panzerfësch am natur musée.

Wéi e Fësch am Waasser
Wéi e Pabeier-Fësch am Waasser wéi vun Zauberhand gezunn, duerch d'Waasser schwëmmt.

Eng Inten-Damm an de roude Cabrio kréie 85 Joer
Daisy Duck, d'Schéinheet vun Duckburg an dem Donald Duck säi roude Cabrio mam Nummereschëld "313" kréien 85 Joer.

Experiment: Den Hot Chocolate-Effekt
Wat ass den Effekt vum waarme Schockela?

De Loftballon an d'Waasser
En Experiment mat engem Loftballon a Waasserstral

Wat kann ee maachen, fir fit a monter ze sinn?
De Claude Karger presentéiert eng wieder Rubrik vum Internet Site kannerzait.lu

Charles Darwin
Dee britteschen Naturfuerscher feiert den 12. Februar nees Gebuertsdag. Allerdéngs sinn et 213 Joer hier, datt hie gebuer gouf.

En Experiment mat engem Whiteboard Marker ...
... an Interessantes iwwer de Mount Februar

Mir ginn an de Musée!
D'Nathalie Bender vum Script proposéiert iech haut e puer ganz flott Ausstellungen.

E Schläimer a Muskelprotz
Jiddweree kennt dëst nëtzlecht Déier! Mee wéi genee?

Wéi staark ass en Hoer?
En Hoer ass méi resistent wéi een kann unhuelen. De Mister Science weist eis dat an engem Experiemnt.

Mir ginn an den Theater!
De Script proposéiert Iddie fir an den Theater ze goen.

Onméiglech Begéignungen: Den Décken an de Klengen
Erklärungen an eng kleng Anekdot iwwer den Décken, de grousse Waldbison aus Nordamerika, an de Klengen, den afrikaneschen Dikdik.

Wat ass speziell un der Luucht am Supermarché?
Déi spannend Geschicht ronderëm Luuchten an de Butteker

Mir gi spadséieren!
Et ginn esou vill schéi Spadséierweeër hei am Land, op kannerzait.lu fannt dir Explikatiounen.
