
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Moiesstudio
Episoden


Ee Joer nom Brand zu Jonglënster
Am Januar 2024 huet e Feier d'Gebai, an deem d'Gemeng ënnerbruecht war, staark beschiedegt. De Buergermeeschter Ben Ries erkläert firwat et mat den Nees-Opbau-Aarbechten net virugeet.

NVIDIA rëtscht an de Keller
Déi wäertvollst Entreprise vun der Welt huet bannent engem Dag bal 20 Prozent u Wäert verluer. De Georges Bock vun der Invest-Plattform Moniflo erkläert wéi et dozou koum.

DeepSeek
Wat ass vun där neier chineesescher KI-App ze halen? Déi Fro stelle mer dem Prof. Christoph Schommer, Expert a Saache Kënschtlech Intelligenz op der uni.lu.

Den Tom Hecker zum Debat gëschter an der Chamber
Gëschter huet sech d'Regierung kloer zu der Diskussioun ronderëm LGBTQIA+ Thematiken an der Schoul positionéiert. Wéi reagéiert den Tom Hecker, och bekannt als "Tatta Tom" dodrop?
Dat bréngt den Dag
Haut stinn ënnert anerem d'Preparatioun op déi nächst Phas an der Pensiounsdebatt un, wéi och eng Pressekonferenz vun der Bauerenzentral zum Sujet Mercosur-Ofkommes, an de Serge Wilmes an d'CGFP wëllen ee Gehälterofkommes virstellen
Erënnerung un de Fred Harles
Extraiten aus engem 100,7-Interview vun 2001 mam verstuerwenen Ex-Direkter vum Escher Conservatoire.

Brauch de Fraesport extra Visibilitéit?
D'Cathy Pastoret huet mat un der aktueller Ausstellung iwwer Fraen am Sport an der Coque matgeschafft. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer Gläichstellung um Terrain an doriwwer eraus.

Zwou couragéiert Fraen an e rücksichtslose President
Et ass vill iwwert d’Tenuen an d’Kierpersprooch vun de Frae geschwat ginn, déi bei der Eedesleeschtung vum Donald Trump dobäi waren. D’Simone Beck war éischter vum Zivilcourage vun zwou Frae beandrockt.

Hëllef beim Choix vun engem Elektroauto
Op oekotopten.lu fënnt een eng Lëscht mat méi wéi 100 E-Autosmodeller, déi aus Ëmwelt- a Klimasiicht am mannste bedenklech sinn. Explikatioune vum Camille Muller.

Wéi gëtt d'Thema LGBTQIA+ haut an de Schoule behandelt?
Froen un de Luc Weis, den Direkter vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques) am Educatiounsministère.

LGBTQIA+an der Schoul: pro & contra
D'Argumenter vum Claire Delcourt (LSAP) fir a vum Tom Weidig (ADR) géint eng Integratioun vun där Thematik an de Schoulprogramm.
Dat bréngt den Dag
Chamberdebatten iwwer LGBTQIA+-Themen an der Schoul, d'Aarbechten um Eisebunnsreseau an nohalteg Landwirtschaft

Auschwitz 80 Joer no der Befreiung
Verschidde Visiteuren si sech der symbolescher Bedeitung vun der Plaz haut net méi bewosst. E Reportage dozou vun eisem Korrespondent Adrien Sarlat.

Stëmme fir d'Erënnerung
D'100,7-Mataarbechterin Natasha Ehrmann huet an engem Podcast d'Temoignagë vun de leschte Lëtzebuerger Iwwerliewende vun der Shoa gesammelt. Domat wëllt si d'Memoire erhalen a verschafft och hir eege Familljegeschicht.

Wéi kënnen Demokratie a Rechtsstaat ënnert dem Donald Trump garantéiert bleiwen?
Froen un de Politolog Robert Harmsen vun der Uni Lëtzebuerg.

E-Auto: wéi eng Born ass déi richteg fir mech?
Den Direkter vun der Klimaagence, Fenn Faber, weess wéi eng Borne wat kann.

"La poupée monte le son" fir den ESC 2025
D'Sängerin Laura Thorn huet den nationale Virentscheed fir d'Eurovisioun zu Basel gewonnen.
Dat bréngt den Dag
Gedenkfeier fir den 80. Joresdag vun der Befreiung vum Kazett Auschwitz-Birkenau, Stater Gemengerot, Neijoerschpatt vun déi Gréng
