Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Nohall ESCH2022
Bei engem Kulturhaaptstad-Joer ginn heefeg déi gréisst Montanten an d'Infrastruktur investéiert. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun konkret an deem Kontext?
Pleasing an d'Struktur uewendriwwer
Neies aus der Lëtzebuerger Musekszeen vu Pleasing, dem Alter Ego vum jonke Gittarist Patrick Miranda, dee seng Band Pleasing schonn an all gréissere Säll am Land presentéiert huet.
D'Cristina Nunez iwwer "Art as experience"
Am Géigesaz zum Selfie kann e Foto-Autoportrait eng reell Aarbecht u sech selwer bedeiten: zum Beispill am Foto-Atelier "Art as experience".
Berlioz an der Philarmonie a live op Antenn
Et war wärend enger Partie Kaart, wou den Hector Berlioz déi éischt Skizze vu sengem Oratorium "L'enfance du Christ" gemaach huet.
Humor, deen den Toun trëfft
"Le monde d'après" heescht de Spektakel vun der franséischer Humoristin Sophia Aram, dee si den Owend an der Kulturfabrik zu Esch presentéiert.
Groussen Theater goes Virtual Reality
Mat "Le bal de Paris" vun der Choreographin Blanca Li gëtt de Publikum op eng immersiv Rees an d'Welt vun der virtueller Realitéit matgeholl.
Pleasing an d'Struktur uewendriwwer
Neies aus der Lëtzebuerger Musekszeen vu Pleasing, dem Alter Ego vum jonke Gittarist Patrick Miranda, dee seng Band Pleasing schonn an all gréissere Säll am Land presentéiert huet.
E Bléck zeréck op Esch2022
Den 22. Dezember ass d'Ofschlossfest vun Esch2022, mee do soll eréischt dat éischt Kapitel ofgeschloss ginn, seet d'Nancy Braun.
Fernand Guelf - Sebastian
"Sie versuchen unsere Erinnerung auslöschen, damit das Unrecht vorübergehend und folgenlos wird."
B-Radio Adventskalenner
Mir si matzen an der Adventszäit. Do trëfft et sech gutt, datt d'Equipe vum B-Radio dëst Joer erëm hiren Adventskalenner produzéiert huet.
De Do Do Do De Data Da
Daten a Musek, dat sinn zwou Saachen déi een net direkt matenee verbënnt - an awer fannen se am "The Sound of Data"-Event zesummen.
Poesie ass d'Wuert vun der Woch...
...bei eisem Mataarbechter a selwer Dichter, dem Jean Portante.
De Do Do Do De Data Da
Daten a Musek, dat sinn zwou Saachen déi een net direkt matenee verbënnt - an awer fannen se am "The Sound of Data"-Event zesummen.
