Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Rezensioun vun der Publikatioun "Fundstücke-Trouvailles 5"
Fundstücke-Trouvailles mat Artikelen zu Theeme vun der lëtzebuergescher Literatur an iwwer d'Archivbestänn vum Lëtzebuerger Literaturarchiv

Mat Musek aus der Romantik an d'Joer 2023
Den Duo Alena Baeva (Gei) a Vadym Kholodenko (Piano) am Schlass zu Buerglënster (8.1.2023)
Residenze fir Lëtzebuerger Kënschtler am Ausland
Kënschtlerresidenzen am Ausland si fir Kultur:LX ee vun enger Rei vu Moyene fir Kreativer vu Lëtzebuerg international bekanntzemaachen.
Mat Musek aus der Romantik an d'Joer 2023
Den Duo Alena Baeva (Gei) a Vadym Kholodenko (Piano) am Schlass zu Buerglënster (8.1.2023)
Residenze fir Lëtzebuerger Kënschtler am Ausland
Kënschtlerresidenzen am Ausland si fir Kultur:LX ee vun enger Rei vu Moyene fir Kreativer vu Lëtzebuerg international bekannt ze maachen.
Opgewiermtes um Plackenteller
2022 koumen ongewéinlech vill Albume mat Reprisen eraus, souguer de Bruce Springsteen huet dëst Joer léiwer gecovert wéi komponéiert.
Dat éischt Wuert vun der Woch fir 2023 ass "Joer"
Gléck? Nei? Joer? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.
Opgewiermtes um Plackenteller
Déi lescht Jore waren haart fir d'Museksindustrie - ass d'Nostalgie de Grond, firwat dëst Joer souvill Coveralbumen op de Maart koumen?
D'Wuert vun der Woch ... oder vum Joer?
Gléck? Nei? Virsaz? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.

En imaginären Oratorium
Den Ensembel Clematis proposéiert beim éischte Concert vum Festival RMVA thematesch zesummegestallte Wierker vu méi onbekannte Komponisten.
