Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Can Anne Simon and Nora Koenig have it all?
D'Anne Simon an d'Nora Koenig waren ëmmer iwwerzeegt dovunner, datt si als fräischaffend Kënschtlerinnen a Mammen och alles kéinten hunn.
Vu Klang a Kierper
Och wann et munchmol e schwieregt Theema ka sinn, esou gouf de Sujet Familljeplanung erstaunlech dacks an der Popmusek verschafft.
"Ärztin ohne Furcht und Tabus"
D'Josiane Kartheiser huet eng Biografie vun der Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer verfaasst a bei Editions Phi publizéiert.
Hanner Gitter mat der Gittar
Dëst Joer feiert e legendäre Live-Album e ronne Gebuertsdag: "At Folsom Prison" vum Johnny Cash, opgeholl op engem 13. Januar 1968.
Musek mat Ecken oder ouni?
Nieft senger Aktivitéit als Auteur a Schauspiller ass de Luc Spada och als Museker ënnerwee. 2023 stellt hien eng nei Single vir.
D'Wuert vun der Woch ass (keng) Fata Morgana
E Physiker kann eng Fata Morgana rationell erklären; den Auteur Jean Portante interesséiert d'Geschicht hanner zwee geheimnisvolle Wierder.
Musek mat Ecken oder ouni?
Nieft senger Aktivitéit als Auteur a Schauspiller ass de Luc Spada och als Museker ënnerwee. 2023 stellt hien eng nei Single vir.

Filmkritik: "The Pale Blue Eye" (Netflix)
An deem historesche Krimi soll en Enquêteur eng Mordserie an enger Militärakademie opklären, mat Hëllef vum deemolege Kadett Edgar Alan Poe.
Kultur | lx "iwwerhëlt" d'Biennale vu Venedeg
D'Kommunikatioun ronderëm de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg, d'Sammele vu Connaissancen a Kontakter geet u Kultur | lx.

"The piano is an extension of your body"
Concert vum Pianist Jan Lisiecki zesumme mam OPL an dem Dirigent Krzysztof Urbański (13.01.)
