De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Jenny Erpenbeck - "Kairos"
Laureatin vum International Booker Prize 2024
Filmkritik: "Sons"
D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.
Kulturagenda vun der Woch
Vu Liesungen bis Karaoke
"Kéis"
Wou kënnt dat Wuert hier?
Samuel Hamen a säi Servais-Präis
Zeremoniell Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Samuel Hamen am Nationale Literaturarchiv
Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik
D’Séraphine Mirage liest Shakespeare; den Tom Hecker kommentéiert säi rezente Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig
Banal a wéineg couragéiert Medienanalys
Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive".
Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles
D’Isabelle Medinger war fir hire Papp, de Fotograf Michel Medinger, op de Rencontres d’Arles.
Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten
E Buch vun der Noemi Deitz iwwer eng Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht, déi an den Nonzeger Joren iwwerhaapt emol entdeckt gouf.
Chroegraphical Talks déi Drëtt
Iwwer hir Praxis ze schreiwe schéngt déi däitsch-lëtzebuergesch Choreographin Anne-Mareike Hess een einfach ze léisende Mystère ze sinn, deem si awer mat vill Virsiicht a Sensibilitéit entgéinttrëtt.
Fari Khabipour: "Innerer Frieden, äusserer Wandel.“
Wéi perséinlech Verännerungen d'Wierklechkeet gestalten - e Gespréich
Closer to paradise
Zesumme mam Countertenor Valer Sabadus mécht sech Spark op d'Spure vun der Sehnsucht.
Fari Khabipour a Gery Oth am Gespréich
"Innerer Frieden, äusserer Wandel.“ Erzéiung zum Fridden
Buchkritik: B. M. Gonner: "Heimliches Gebet. Vom Trockenrasen (und nahebei)"
A knappe Gedichter séngt den Auteur e Lueflidd op déi villfälteg Schéinheet vu Blummen a Kraider.
Den T-Way am Interview iwwer säi leschten Album
Battle Rap Legend vu Lëtzebuerg, huet viru Kuerzem en neien Album erausbruecht: “Monarch”.
Mabe Fratti - Sentir Que No Sabes
An der Schwief tëschent Pop an Experiment
Filmkritik - Kinds of Kindness
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker hunn am Grousse Kino dem Yorgos Lanthimos seng schwaarz Komedie beschwat.
Mabe Fratti - Sentir Que No Sabes
An der Schwief tëschent bekannt an onerwaart