De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
D’Sylvie Meunier curatéiert d’Michel-Medinger-Expo fir Arles
Eng Curatrice vu Sète fir eng nei an neutral Vue op dem Fotograf Michel Medinger säi Wierk
Horse Jumper of Love
No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo stëmmegsten.
Gros Coeur a Chaton Laveur: Déi belsch Zeen an der Rotonden
Gros Coeur spillen haut (21.8.) an de Rotonden um Congés annulés, zesumme mat hire Landsmänner Chaton Laveur, déi sech och an de 70er inspiréieren, mee éischter am Krautrock.
"Les Voyeuses“ an de Rotonden
Iwwerdimensional Diasbrëller, aktuell ausgestallt am Parvis vun de Rotonden an an de Stroossen nobäi: verlängert bis den 8. September.
Kulturagenda vun der Woch
All Kuturevenementer am Iwwerbléck
Kulturagenda vun der Woch
All d’Kuturevenementer am Iwwerbléck
Filmkritik: "Le Roman de Jim"
De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn dëse franséische Familljendrama am Grousse Kino beschwat.
Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden
Mat Mutiny on the Bounty a Cookie Jar Complot spillen den Owend zwou instrumental Rockbands vun hei an de Rotonden. E Gespréich mam Sven a Gilles vu Cookie Jar Complot
Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Kollektiv Conscience, non-human a kënschtlech Intelligenz: domat kreéiert d'Agnieszka Kurant.
Wéi hu mir et mam Liesen?
Datt hei am Land duerchaus nach gelies gëtt, weist eng Ëmfro am Optrag vum Kulturministère.
"De Wand ass eppes Logesches"
E Gespréich mam franséischen Auteur Olivier Le Carrer iwwer seng Leidenschaft fir d'Seegelen.
Intergenerationellt Geschichtenerzielen
Milton + esperanza heescht déi nei Kollaboratioun tëschent der jonker Jazzmusekerin Esperanza Spalding an dem 84-järege brasilianesche Meeschter Milton Nascimiento.
Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Kollektiv Conscience, non-human a kënschtlech Intelligenz: domat kreéiert d'Agnieszka Kurant.
Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
Ee Portrait vun engem “malade de l’imaginaire”
Filmkritik: "Belle enfant"
Extrait aus dem Grousse Kino mat dëser summerlecher franséischer Drama-Komedie.
D‘Liedersjackett an der Midlife-Crisis
En Albumtipp vun enger Legend an der US-amerikanescher Indie-Rock- an Americana-Zeen: Beachwood Sparks sinn zeréck mat enger Plack.
Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d‘Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.
Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d'Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier.
Weltoppene Postpunk vu Berlin
Oum Shatt a Raftside den Owend (8.8.) an de Rotonden