Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
"Am Theater erziele mir Geschichten"
.. sou den Tom Leick, Direkter vun de Stater Theateren bei der Presentatioun vun der neier Saison.
Nei am Kino
Wat leeft vun neie Filmer am Kino un? De Michel Delage mam Iwwerbléck.

Geopoesie - Eng Bréck tëschent Mënsch an Ëmwelt?
Geopoesie - eng Aart a Weis, fir de Mënsch an d'Natur méi no ze bréngen. Mir ware mat den "Geopoeten" Ulrike Bail a Robert Weis ënnerwee.
D'Wuert vun der Woch ass eng Aventure
"Abenteuer oder Aventure?": dat ass zu Lëtzebuerg d'Fro! Oder eng vun de linguistesche Froen, deenen de Jean Portante nogeet.

The Alchemist - Den Arthur Unger am MNAHA
Ee Gespréich mam Arthur Unger. Seng Wierker sinn an der Ausstellung "The Alchemist" am Nationalmusée um Fëschmaart ausgestallt.
