Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Erënnerungen vum an un den Alan Rickman
2016 ass den Alan Rickman, bekannt aus "Harry Potter", verstuerwen. Seng verëffentlecht Tagebicher erënneren un de britteschen Acteur.
"Je ne suis pas un roman"
Déi iranesch Schrëftstellerin lieft a schreift an engagéiert sech am Exil.
D'Stäerkt vum Theater
D'Nominatioune fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser sinn eraus. Mat dobäi ass der Gintare Parulyte hiert Theaterstéck "Lovefool".

Geschichte fir am Exil d'Bezéiungen ze fleegen
An hirem ganz liewege Roman "Madre piccola" beschreift d'Italo-Somalierin Ubah Cristina Ali Farah d'Schicksal vu somalesche Refugiéen an Europa.
Frësch Téin an ale Maueren
D'Pëttener Schlass bitt dëse Weekend den ideale Kader fir de Musek- a Konschtfestival Pëttener Summer Nights.
