Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden
Dem Romain Urhausen seng Steel Lifes
D‘Escher Galerie Schlassgoart presentéiert dem Fotograf Romain Urhausen seng schwaarzwäiss Steel Lifes.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den neie Filmer mam Michel Delage.

Filmkritik: A Cup of coffee and new shoes on (CinEast)
Dësen albanesche Film erzielt déi tragesch Geschicht vun zwee gehéierlosen Zwillingsbridder. De Michel Delage mat enger Kritik.
Nei am Kino
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.
Léa et la théorie des systèmes complexes
Renelde Pierlot a Ian De Toffoli am Gespréich iwwer hir nei Theaterproduktioun
D'Waasserdréier vum Literaturbetrib
Dem Luc François säin neie Roman "Wasserstand" (Kremart Edition) ass e bësse méi wéi just e Stuerm am Waasserglas.
D‘Fotografin Anne Speltz an hir nei Fotoausstellung
Een Interview mat der Fotografin iwwer hir Expo “I Am Waiting For The Happiness”
"Elena" am Groussen Theater
D'Myriam Muller huet eng Adaptatioun vum Film vum russesche Regisseur Swjaginzew gemaach.
Nei am Kino
De Programm vun der Filmwoch
Dat réimescht Lissabon
Fënnef Joerhonnerte laang huet Lissabon zum Réimesche Räich gehéiert.
"Inclusioun a Bünekonscht“: en Debat an der Banannefabrik op Invitatioun vun der ASPRO
Wëllen a kënne Mënsche mat Beanträchtegung zu Lëtzebuerg professionell Bünekënschtler ginn?
D'Wuert vun der Woch "Theater"
De Jean Portante erkläert d'Originne vum Wuert Theater an alles, wat domat verbonnen ass.
D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty Weber-Präis
Feierlech Präisiwwerreechung am Nationale Literaturarchiv zu Miersch
Klangkonscht op der Nuit des musées
"Soundart“: eng Aart Sound ... oder méi?
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den neie Filmer
"Madame Köpenick" duebel ausgezeechent
Dem Guy Helminger säi Stéck gouf mam Lëtzebuerger Theaterpräis ausgezeechent, grad esou d'Brigitte Urhausen fir hir Roll an dësem Stéck.
D'Wuert vun der Woch: Persoun
Et gëtt Wierder, déi mir all Dag gebrauchen, mee vun deene mir iwwerrascht sinn, wa mir hir Geschicht ënner d’Lupp huelen.

D‘Nowuesstalent Mahlia Theismann
E Gespréich mat der Mahlia Theismann, eng vun de Nominéierte fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser.
