Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden

Déi nei Filmer dës Woch
Den Iwwerbléck vun der Programmatioun

“Terrasses” vum Laurent Gaudé
Eng Erzielung, déi sech empathesch gëtt, a Wierklechkeet awer eidel a wéineg inspiréiert ass.

Kulturagenda vun der Woch
D'Kulturevenmenter vun der Woch

Am Gespréich mam Serge Tonnar
De Lëtzebuerger Museker stellt ënner anerem seng nei Single "Viva" vir.

Joël Egloff - Ces féroces soldats
A sengem neie Roman verléisst de franséische Schrëftsteller seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d’Geschicht vu sengen Elteren.

Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck
"Traces of Time" vum éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak am CNA/Pomhouse an eng kollektiv Ausstellung an der Méckenheck zu Bierchem

Blues'n' Jazz Rallye
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.

Eve Guerra - Rapatriement
Déi franko-kongoleesesch Schrëftstellerin schwätzt iwwer hir Literatur.

Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.

"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.

Nei Saison an nei Direktioun am CAPE
Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et eng nei Spëtzt: d’Ana Maria Tzekov, déi virdrun an der Philharmonie am Beräich Museksvermëttlung geschafft huet, huet d’Direktioun vum Carl Adalsteinsson iwwerholl.

"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.

Jenny Erpenbeck - "Kairos"
Laureatin vum International Booker Prize 2024

Filmkritik: "Sons"
D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.

Kulturagenda vun der Woch
Vu Liesungen bis Karaoke
"Kéis"
Wou kënnt dat Wuert hier?

Samuel Hamen a säi Servais-Präis
Zeremoniell Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Samuel Hamen am Nationale Literaturarchiv

Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik
D’Séraphine Mirage liest Shakespeare; den Tom Hecker kommentéiert säi rezente Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig

Banal a wéineg couragéiert Medienanalys
Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive".
