De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
The Museum Project am MNHA
Mat generéisen Done soen eng Dosen amerikanesch Fotokënschtler als "The Museum Project" Kulturhaiser Merci, déi d'Fotografie ënnerstëtzen.
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Digestif
Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm e Kachbuch, dat d'Iesskultur op der Schmelz historesch, awer och spilleresch, thematiséiert.
The Museum Project am MNHA
Mat generéisen Done soen eng Dosen amerikanesch Fotokënschtler als "The Museum Project" Kulturhaiser Merci, déi d'Fotografie ënnerstëtzen.
"Gudden Appetit" op der Schmelz: den Dessert
Bei "Gudden Appetit" handelt et sech ëm e Kachbuch, dat d'Iesskultur op der Schmelz historesch, awer och spilleresch, thematiséiert.
Felicitas Hoppe am Gespréich
Déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin war virun engem Mount am IPW hiren neie Roman "Die Nibelungen. Ein deutscher Stummfilm" virstelle komm.

Filmkritik: "Don't Look Up'' (Netflix)
De Leonardo DiCaprio an d'Jennifer Lawrence als Wëssenschaftler, déi de Komet gesi kommen. Mee keen hëlt si eescht ... Eng Kritik vum Michel Delage
De literareschen Nerd vun Tréier
Hanner dem Instagram-Account "literarischernerd" verstoppt sech de Blogger Florian Valerius.

Buchkritik: Gast Groeber - "Nuetsfuerer" (Op der Lay)
Déi däischter Vergaangenheet vun engem Éisleker Duerf aus der Siicht vun engem bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller.