De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Kënschtlech Intelligenz, Dreem an Ëmweltkris
Méi wéi mënschlech Realitéiten an Zesummenhang mat Kolonialismus, Ëmwelt a Bewosstsinn, domat setzt sech d'Curatrice Lucia Pietroiusti auserneen.
Virtual Reality mécht midd Kéi monter
Wéi kritt een d'Kéi dozou méi Mëllech ze ginn? Dës Fro huet sech e Bauer aus Anatolie gestallt a vläicht eng Léisung fonnt.
Kënschtlech Intelligenz, Dreem an Ëmweltkris
Méi wéi mënschlech Realitéiten an Zesummenhang mat Kolonialismus, Ëmwelt a Bewosstsinn, domat setzt sech d'Curatrice Lucia Pietroiusti auserneen.
Guy Helminger: Lärm
E wonnerbar verwurrelte Roman, dee bei Capybarabooks erauskoum.
Am "Garden of Resistance"
An hirem Garden of Resistance teste Martine Feipel a Jean Bechameil d'Resilienz vun der Natur zur Technologie. Oder ass et genee ëmgedréit?

Presentatioun vum 12. Luxfilmfest
Deen arabesch-israeelesche Realisateur Elia Suleiman presidéiert de Jury vum 12. Luxemburg City Filmfestival (3.-13. Mäerz).
Friederike Migneco
D'Leederin vun der Diddelenger Stadbibliothéik schwätzt iwwer d'Léift an hirer Lyrik.

Impressioune vu Kaunas
An der Europäescher Kulturhaaptstad Kaunas ginn 2022 de Patrimoine, d'Geschicht, d'Inclusioun an de Multikulturalismus héichgehalen.