De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Nei Musek, ongewinnt Situatiounen
Nei Musek kann Interpreten och bis an de Baumaart féieren. D’Cathy Krier verréit, wéi en Ausgang dat fir si hat ...

Dräimol Marc Henri Reckinger
Expoen an de Centres d’Art Nei Liicht an Dominique Lang zu Diddeleng, an am Nationalmusée um Fëschmaart.

Filmkriticken: "Nosferatu" a "Grand Tour"
De Michel Delage kënnt op zwou Filmproduktiounen zeréck, déi viru Kuerzem am Kino ugelaf sinn.

Um Radar: Ënner der Woch
Den Nicolas Calmes huet säi Radar aktivéiert a gëtt Tippe fir spannend kulturel Rendez-vousen dës Woch.
Margret Steckel - Doswidanja, Genosse
Eng DDR- Existenz am Gespréich

Al Musek - ee Genre mat Zukunft zu Lëtzebuerg?!
Fir déi mëttlerweil 24. Kéier ass de Festival RMVA - Les Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette.

Um Radar - De Weekend
Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.
Black Doves - Nei Spionageserie
D'Keira Knightley an der Roll vun enger Undercover Agentin, déi de brittesche Staat ausspionéiert: Si ass mam Verdeedegungsminister bestuet ...

Booker Prize: "Wandering Stars" vum Tommy Orange
Ee Buch, dat enger indigener Famill an Amerika iwwer puer Generatioune begleet.

Jean-Louis Schlesser - Ënner Bridder
Eng Geschicht an eng Entwécklung, déi sech tëschent 1947 an 1972 ofspillt.

Geméis
No de Friichten ass et dës Woch d'Wuert "Geméis", op dat de Jean Portante seng etymologesch Lupp riicht.

.Jhemp Hoscheit - Ouninumm
E Roman iwwer sexuelle Mëssbrauch, bei Edition Guy Binsfeld publizéiert.

Der Germaine Hoffmann hire verdéngten Duerchbroch koum mat 90
Eemol ëmgedréit: Enkelin fördert d’Konschttalent vun hirer Boma.

Lëtzebuerger Albumen am Réckbléck
Um Enn vum Joer 2024 verréit d'Klassikredaktioun hir Coup-de-Coeuren aus 14 verschiddene Lëtzebuerger Disken, déi iwwer d'Joer erauskoumen.

Kerstin Medinger - Le secret de Tadi
Wie war dësen Tadi? A wat féiert zu enger Odysee duerch Amerika?

Zwou traureg Nouvellen aus der Konschtzeen
D'Marie-Claude Beaud, déi éischt Directrice vum Mudam ass mat 78 Joer zu Toulon gestuerwen an de Lëtzebuerger Kënschtler Arthur Unger ass dout.

Retrospektiv 2024: Eis (perséinlech) Highlights vum Joer
10 Placken, déi eist musekalescht Joer gepräägt hunn.

En 10-Jores-Bilan mat der Kënschtlerin Catherine Lorent
D'Relegation Sounds op Vinyl, 10 Joer no der Biennale vu Venedeg

1883
D'Virgeschicht vun der erfollegräicher Serie "Yellowstone".
