De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Le Monde sans fin
E Gespréich mam Zeechner vun der Bestseller Bande Dessinée "Le Monde sans Fin", Christophe Blain.
Bestandsopnam vum Lëtzebuerger Theater
Am Kader vum Kulturentwécklungsplang huet de Kulturministère d'Situatioun vun den Theateren zu Lëtzebuerg publizéiert.
Alice an Adrien Martins - "Echoes' Fantasy"
E Work in Progress, deen aus engem Solo-Stéck entstanen ass. D'Choreographe ginn der Fro no, wéi ee sech selwer an engem dacks dach ordinären Alldag erëmfanne kann.

NS-"Kampfgliederungen" zu Lëtzebuerg
An der neier "Hémecht" liest een ë. a. en Artikel iwwer ee bis dohin onerfuerschten Aspekt vun der Nazi-Kollaboratioun zu Lëtzebuerg wärend dem Zweete Weltkrich.
Am "Garden of Resistance"
An hirem Garden of Resistance teste Martine Feipel a Jean Bechameil d'Resilienz vun der Natur zur Technologie. Oder ass et genee ëmgedréit?

Diaristes du Luxembourg
Véierzéng Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne stellen Extraiten aus Tagebicher vir.
Masterclass Elia Suleiman
De palästinensesche Realisateur war beim Luxembourg City Film Festival 2022 President vum Jury an d'Cinemathéik hat eng Retrospektiv vu senge Filmer programméiert.
Diaristes du Luxembourg
Véierzéng Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne stellen Extraiten aus Tagebicher vir.
RadiOdyssee # WIERKLECH?
Den Abrëll, dee mécht wat e wëll? Do maache mir an eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee natierlech mat!
RadiOdyssee # WIERKLECH?
Den Abrëll, dee mécht wat e wëll? Do maache mir an eiser Erzielkonschtémissioun RadiOdyssee natierlech mat!
Asaz fir d'Leipziger Buchmesse
No dräi Annulatioune wéinst der Pandemie krut d'Leipziger Buchmesse gëschter kloer Ënnerstëtzung, ënner anerem vun der Politik.
Stëmme vun der Schmelz: eng Intro
Nonzéng fréier Schmelzaarbechter vun Diddeléng deelen am audiovisuelle Projet "Stëmme vun der Schmelz" hire Schmelzalldag mam breede Public.
Asaz fir d'Leipziger Buchmesse
No dräi Annulatioune wéinst der Pandemie krut d'Leipziger Buchmesse gëschter kloer Ënnerstëtzung, ënner anerem vun der Politik.