De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Buchkritik: "Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber"
D'Graphic Novel vum Charel Meder (Text) a Marc Angel (Zeechnung) ass e Portrait vum Jean Schortgen, éischten Deputéierten aus der Aarbechterklass.
De Fall Jeanne d'Arc
Wie war dës jonk Fra? An engem Theaterstéck gëtt versicht hir op d'Spuer ze kommen.

Palmarès 75. Filmfestival vu Cannes
Dee wichtegste Filmfestival vun der Welt ass de leschte Weekend mat enger zweeter Palme d'Or fir de Schweed Ruben Östlund op en Enn gaangen.
Interview mam verstuerwene Ray Liotta
Den amerikaneschen Acteur Ray Liotta, deem seng markantst Haaptroll wuel déi a "Goodfellas" war, ass d'lescht Woch am Alter vu 67 Joer gestuerwen.
Palmarès 75. Filmfestival vu Cannes
Dee wichtegste Filmfestival vun der Welt ass de leschte Weekend mat enger zweeter Palme d'Or fir de Schweed Ruben Östlund op en Enn gaangen.
"Mother" um Monodramafestival
An hirem Danzstéck "Mother" verbënnt d'Emanuela Iacopini de kreativen Drang vu Mamm a Mier, well fir si d'Kreatioun de Motor vun allem ass.
"Mother" um Monodramafestival
An hirem Danzstéck "Mother" verbënnt d'Emanuela Iacopini de kreativen Drang vu Mamm a Mier, well fir si d'Kreatioun de Motor vun allem ass.
D'Vicky Krieps gëtt ze Cannes gefeiert
An zwee Filmer ass déi Lëtzebuerger Schauspillerin ze Cannes ze gesinn an dat mat groussem Succès.
D'Vicky Krieps gëtt ze Cannes gefeiert
An zwee Filmer ass déi Lëtzebuerger Schauspillerin ze Cannes ze gesinn an dat mat groussem Succès.
Op Identitéitssich mam Kollektiv Knowedge
A "Patchwork" gëtt sech d'Fro gestallt no der eegener Identitéit, an dono, wat jiddwereen, egal, vu wou e kënnt, zum Zesummesinn ka bäidroen.
"Das Kalkwerk" façon Felix Römer
Beim Fundamental Monodramafestival huet den éisterräicheschen Acteur Felix Römer eng "granateg" Versioun vun "Das Kalkwerk" presentéiert.