De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Vu Fraen a Männer ronderëm d'Schmelz
Leschte Samschdeg hat FerroForum op eng Filmvirféierung am fréieren Atelier central vun der Schmelz tëschent Esch a Schëffleng gelueden.
Eis fluid Verbonnenheet mat der Ëmwelt
D'Choreographin Isabella Oberländer huet hire Work in progress "Bodies of Water" um 3 du Trois goes TalentLab presentéiert.
Filmrezensioun "One Second"
Am Film "One Second" versichen d'Protagoniste wärend der Kulturrevolutioun a China d'Familljerelatiounen ze flécken.
Eis fluid Verbonnenheet mat der Ëmwelt
D'Choreographin Isabella Oberländer huet hire Work in progress "Bodies of Water" um 3 du Trois goes TalentLab presentéiert.
Déi Jonk vum FerroForum
Aalt Eisen zu alem Eisen? Nee, ënner de Benevollen, déi am Minett e Centre du savoir-FER opbauen, sinn och Jonker, déi dat Ganzt mega fannen.
Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo
No zwee Joer - Covid-bedéngte - Paus gëtt de Literaturfestival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo an der Bretagne erëm organiséiert (4.-6. Juni).
Déi Jonk vum FerroForum
Aalt Eisen zu alem Eisen? Nee, ënner de Benevollen, déi am Minett e Centre du savoir-FER opbauen, sinn och Jonker, déi dat Ganzt mega fannen.
Precarious Pavilion: e gewiefte Lieu de Rencontre am Mudam
Der Hana Miletić hire gewiefte Pavillon am Foyer vum Mudam ass een intimen a gemittlechen Lieu de rencontre.
Appel d'Offere fir de Summer Dream Festival
D'Gemeng Stengefort mécht dräi Appell d'Offere fir Museker a Kënschtler fir den 13. August beim Summer Dream-Festival matzewierken.
Tullio Forgiarini an der wonnerbarer VaLibrairie
D'Kënschtlerin Sandrine Ronvaux huet mat hirer Kollektioun "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" der Lëtzebuerger zäitgenëssescher Literatur en Hommage gesat.
Precarious Pavilion: e gewiefte Lieu de Rencontre am Mudam
Der Hana Miletić hire gewiefte Pavillon am Foyer vum Mudam ass een intimen a gemittlechen Lieu de rencontre.
Tullio Forgiarini an der wonnerbarer VaLibrairie
D'Kënschtlerin Sandrine Ronvaux huet mat hirer Kollektioun "Ceci n'est pas un roman - ADN et ingrédients d'auteurs" der Lëtzebuerger zäitgenëssescher Literatur en Hommage gesat.
"At Home With Will Shakespeare" vum Pip Utton
Um Monodrama Festival lescht Woch hat de Public d'Geleeënheet de brittesche Schauspiller Pip Utton mat gläich zwee vu senge Spektakelen op der Bün ze gesinn.
Konscht "Al río/ To the River"
D'US-Kënschtlerin Zoe Leonard ass fënnef Joer laang, um Terrain, mam Floss geschwommen, fir ebe grad, bildlech, net mam Floss ze schwammen.
"At Home With Will Shakespeare" vum Pip Utton
Um Monodrama Festival lescht Woch hat de Public d'Geleeënheet de brittesche Schauspiller Pip Utton mat gläich zwee vu senge Spektakelen op der Bün ze gesinn.
D'Stroossener Konschtbiennale 2022 an de Klassizismus
Wat hunn déi fiktiv historesch Figuren Turandot a Gretchen gemeinsam? Zu Lëtzebuerg den Devouement vum Moler Jeff Dieschburg, Joergang 1988.
Déi eege Männlechkeet hannerfrot
Den Dänzer Isaiah Wilson hannerfreet a senger Kreatioun "331 grams" d'Positioun vum Mann an der Gesellschaft vun haut.
Renomméierte Schrëftsteller Boris Pahor gestuerwen
De sloweenesch-italieenesche Schrëftsteller, ee vun de leschte groussen Auteure vu KZ-Literatur, ass de Méindeg am Alter vun 108 Joer gestuerwen.
Déi eege Männlechkeet hannerfrot
Den Dänzer Isaiah Wilson hannerfreet a senger Kreatioun "331 grams" d'Positioun vum Mann an der Gesellschaft vun haut.