De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
En éischtklassege Päifconcert
Haut den Owend (27.10.) ass d'Molly Lewis op Besuch an de Rotondes, eng Kënschtlerin, déi d'Päifen zu hirem Instrument gemaach huet.
Staatlech Initiative ronderëm de "Reenert"
Fir den 150. Anniversaire vum Michel Rodange sengem "Reenert" kommen eng nei Editioun vum Klassiker an eng englesch Iwwersetzung eraus.
Couchë-Rock
"Rip-Off Game" heescht déi nei Single vun der Lëtzebuerger Band Seed to Tree, e Lidd an deem si och musikalesch nei Weeër aschloen.
En éischtklassege Päifconcert
Haut den Owend (27.10.) ass d'Molly Lewis op Besuch an de Rotondes, eng Kënschtlerin, déi d'Päifen zu hirem Instrument gemaach huet.
Yevgenia Belorusets - Anfang des Krieges
Déi ukrainesch Fotografin, Kënschtlerin a Schrëftstellerin mat Temoignagen aus Kiew
Musikaleschen Namedropping
"Comme une histoire", esou heescht de Best-Of-Album vum franséische Museker Vincent Delerm, dee mat dëser Sortie seng 20 Joer Karriär feiert.
E face-à-face am Mudam
Ënner dem Titel "face-à-face" ginn am Mudam an an der Moderne Galerie zu Saarbrécken Konschtwierker aus béiden Haiser konfrontéiert.
Hip-Hop Confidential
Mat sengem drëtten Album "Hugo" geléngt dem engleschen Hip-Hopper Loyle Carner säi bis elo beschtent Wierk.
Eng Bodybuilderin an Ungarn
Den ungaresche Film "Gentle" gouf de leschte Weekend um CinEast-Festival mam Grand Prix vum beschte Film ausgezeechent. D'Realisatrice Anna Eszter Nemés am Gespréich
De Palmarès vum CinEast-Festival
Déi 15. Editioun vum CinEast-Festival ass de Weekend op en Enn gaangen. Als beschte Film gouf den ungareschen Drama "Gentle" ausgezeechent.
Wou kënnt d'Wuert "kulturell" hier?
All Mëttwoch proposéiert de Jean Portante am Kultur um 5d'Wuert vun der Woch. Fir déi Kéier hat hie sech um fréiere Numm vum radio 100,7 inspiréiert: de soziokulturelle Radio.