Kultur
Ravel + am CAPE
9 min
De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
Episoden

Kim Deal - Nobody Loves You More
Ee Saz vun der Mamm

Margret Steckel an d‘Susanne Jaspers
D'Gewënnerin vum Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur an hir Editrice (Capybarabooks)

Eng "stëll Chrëschtnuecht" mat Akkordeon
Ee gesellschaftskritesche Concert mat Humor a ville Facette presentéieren d'Josée Bourg an den Akkordeonist Frin Wolter.

Norma Jeane Baker de Troie am Théâtre du Centaure
Wat, wann d’Helena ni zu Troja gewiescht wier? Wat, wann et eng Wollek, ee Mirage gewiescht wier, deen de Paris entféiert hätt?

Plackerezensioun: "Night Palace" vu Mount Eerie
Mat “Night Palace” huet Mount Eerie, aka Phil Elverum, ee monumentalen Duebelalbum verëffentlecht, dee gläichzäiteg experimentell an zougänglech, homogeen an divers, donkel an hoffnungsvoll ass.

"Physesch zesummekomme fir Mënschen ze sinn"
Den Donato Rotunno iwwer säin Documentaire "La Fourchette à gauche", deen d'Geschicht vum Stater Kultbistro Circolo Curiel nozeechent.

La harpe à Paris
E Concert ActArt am Stater Conservatoire, bei deem d'Harf am Vierdergrond steet.

10 Joer Gudde Wëllen
De Café an der Stad feiert Gebuertsdag mat vill Musek

Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.

En Duo wéi en Diamant
"Glass Two" - Deen neien Album vum Vibraphonist Pascal Schumacher an der Pianistin Danae Dörken

Luxembourg Art Week
77 Galerien a Kënschtlerkollektiver erwaarden d’Visiteuren dëse Weekend op der Luxembourg Art Week. Ausgestallt gi Wierker vu Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi d’Galerien an d’Kollektiver selwer ausgewielt hunn.

Les prix littéraires: "Le Bastion des larmes" vum Abdellah Taïa
De marokkaneschen Auteur Abdellah Taïa kritt de Prix Décembre fir ee staarke Roman iwwer Homophobie a sengem Heemechtsland.
New Wave op Spuenesch
Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“.
"Et ass elo schonn ee Succès"
Dat seet de Claude Weber iwwer déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz am Bridderhaus zu Esch (6.11.-1.12.)
De Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter
Eng Visitt guidée duerch déi nei permanent Ausstellung am Resistenzmusée zu Esch

MERCADER: L'assassin de Trotsky
Eng BD vum Patrice Perna an dem Stéphane Bervas

D’Art-Week-Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award” ënner anerem mat der Marianne Villière
D’Marianne Villière (F) an d’Clio Van Aerde (L) sinn d’ESAL-Laureatinnen 2024.

“J’existe“
D’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde huet a Collaboratioun mat Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler.

"Sie ging ja nur vorbei"
Eng Concertsserie, déi d'Liewensgeschichte vu bekannte Komponistinne beliicht a sech beim nächste Concert op d'Dora Pejačević fokusséiert.
