De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
Lauschteren
play_arrow
headphones
9 min
Episoden
Dat éischt Wuert vun der Woch fir 2023 ass "Joer"
Gléck? Nei? Joer? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.
Opgewiermtes um Plackenteller
Déi lescht Jore waren haart fir d'Museksindustrie - ass d'Nostalgie de Grond, firwat dëst Joer souvill Coveralbumen op de Maart koumen?
D'Wuert vun der Woch ... oder vum Joer?
Gléck? Nei? Virsaz? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi no ze bréngen.
En imaginären Oratorium
Den Ensembel Clematis proposéiert beim éischte Concert vum Festival RMVA thematesch zesummegestallte Wierker vu méi onbekannte Komponisten.