„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“ heescht d’Sammelband mat 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa. Den Direkter vun der Nationalbibliothéik, de Claude Conter a de Bibliothecaire Jean-Marie Reding, och Mataarbechter an der BnL hu selwer sech mat der Situatioun vun de Bibliothéiken ze Lëtzebuerg wärend der Nazi-Besatzung auserneegesat a mat eege Bäiträg ze dësem Sammelband bäigedroen Déi zwee si bei eis am Studio fir iwwer hier Fuerschungsaarbecht ze schwätzen.
arrow_back_ios
Kultur
„Verboten, beschlagnahmt, geraubt“
Lauschteren
play_arrow
headphones
25 min
mic_none
Presentéiert vum
- Valerija Berdi
Episoden
Buchkritik: Guy Rewenig - "Den Herkull Heng (...)"
Kritesch Geschichten iwwer eng klengkaréiert Natioun vun héichbezuelten, iwwerempfindleche Kulturbanausen, an enger spillerescher Sprooch geschriwwen.
De Gregor Schneider an den Ego-Tunnel-Bléck
An der neier Escher Konschthal konfrontéiert de Kënschtler Gregor Schneider d'Visiteure mat existenzielle Froen an Angschtraim. À voir!
Filmkritik: "A Hero"
Wat huet ee vun engem medial opgebauschten Heldestatus, dee wéi Schnéi an der Sonn ka schmëlzen? Dem Iraner Ashgar Farhadi säin neie Film leeft am Kino.
Danh Vo ... Jan Who?
Den Danh Vo ass haut en international unerkannte Kënschtler. Op der Uni hat e Proff him allerdéngs recommandéiert, mam Molen direkt opzehalen.