Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Marion Zenner

De Schengen-Lycée huet eng nei Direktesch. D'Marion Zenner schwätzt iwwert dat erfollegräicht pedagogescht Konzept vun der Däitsch-Lëtzebuerger Schoul.

Patrizia Thiry-Curzietti

Burn-out am Finanzsecteur hëlt zou. D'Generaldirektesch an Doktesch vun der ASTF, der Association pour la santé au travail du secteur financier, erkläert.

Camille Thommes

D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet d'lescht Joer e Wuesstem vu 17% gemaach. 4.000 Milliarden Euro Fonge ginn zu Lëtzebuerg geréiert. De Generaldirekter vun der Alfi, de Camille Thommes erkl

Jean Billa

De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat: mir schwätze mam Lycées-Direkter.

Christine Majerus

No hirer véierter Plaz op der Cyclocross-WM a virum Optakt vun der Stroossesaison: Réck- an Ausbléck mat der Lëtzebuerger Top-Cyclistin.

Claire Sertznig

Déi fir de Marketing zoustänneg nei Mataarbechterin vum Wäibau-Institut iwwert d'Ausschaffe vun enger neier Strategie.

Sibylla Mayer

Mat der Soziologin geet Rieds iwwert dat neit Prostitutiounsgesetz an iwwert d'Roll vun der Schoul an der Zivilgesellschaft an där Thematik.

Martine Deprez, UGDA-Presidentin

Mat der Presidentin vum Daachverband vun de Museksorganisatioune geet Rieds iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen an d'Mutuelle.

Adrien Ney

Mam Luxair-Generaldirekter geet rieds iwwert d'Aarbechtskonditioune beim Grupp an iwwert d'Erwaardunge fir 2018.

Romain Schneider

Mam Sportminister schwätze mir iwwert d'Olympesch Wanterspiller an iwwert de Sport zu Lëtzebuerg.

Lydia Mutsch

Mat der Gesondheetsministesch schwätze mir ënnert anerem iwwert de Spidolsplang, iwwert deen haut an der Chamber ofgestëmmt gëtt.

Franco Avena a Claire Geier-Courquin

Den neie President vum Conseil national pour étrangers (CNE) an d'Vizepresidentin schwätzen iwwer den neien Ulaf vum Auslännerrot.

Félix Braz

De Justizminister reagéiert op d'Kritiken um Burka-Gesetz a schwätzt iwwer de Stand vun den Aarbechten un der Scheedungs-Reform.

Pierre Mellina

De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina ass dee neie President vum TICE, dem interkommunale Syndikat fir den ëffentlechen Transport am Kanton Esch.

Syfel

Nom Vote vum Gesetz iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricke wëllt de Syfel, den Daachverband vun de Kierchefabricke, weiderhin d'Gesetz kontestéieren.

Jutta Gansemer

D'Asbl AFP-Solidarité-Famille féiert 70 Joer. Rieds geet iwwert Erzéiungs- a Familljeberodung an de legale Kader fir Jugendschutz.

Simone Niclou

De Staatslabo baut aus a behält de Monopol an der Pathologie. Wat ass seng Plaz an der Fuerschung an an der Léier? D'Presidentin erkläert.

Nicolas Buck

D'FEDIL feiert 100 Joer. De President vun der Industriellefederatioun schwätzt iwwert déi grouss Erausfuerderunge fir d'Industrie zu Lëtzebuerg.

Philippe Mersch

Am Virfeld vum Autofestival 2018 steet de President vum Garagiste-Verband FEGARLUX Ried an Äntwert.

Frank Colabianchi

De 6. Februar gëtt de Bartrenger Buergermeeschter als neien DP-Deputéierte vereedegt. Hien iwwerhëlt an der Chamber d'Nofolleg vum Anne Brasseur.