Radioen

On air

Jazz Club  |  Bob Brookmeyer - I've Grown Accustomed To Her Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Julien Licheron

atHome.lu mellt eng zolidd Baisse vun den (annoncéierte) Verkafspräisser am Logement; mee d'Loyere ginn an d'Luucht. Wat ass dovun ze halen? Eng Aschätzung vum LISER-Chercheur
headphones

15 min

play_arrow

Jean Weiler a Marco Lux

En éischte Face-à-face am Virfeld vun de Gemengewalen: den CSV-Buergermeeschter vu Käl-Téiteng diskutéiert mam Spëtzekandidat vun der LSAP.
headphones

20 min

play_arrow

Lynn Warken

Déi nei Generaldirektesch vum Lëtzebuerger Journal iwwer d'Strategiepläng an d'Podcast-Ambitioune vum Online-Magasinn
headphones

14 min

play_arrow

Gilbert Massard

Zanter 2020 gëtt op der uni.lu e Bachelor an der Medezin ugebueden. Och kann ee sech do an dräi Fachrichtunge spezialiséieren. Den Direkter vun der Doktesch-Ausbildung erkläert.
headphones

16 min

play_arrow

Jacqueline Breuer

Zanter 30 Joer ass d'LSAP-Politikerin an der Sandweiler Lokalpolitik aktiv. Nom 11. Juni wëllt si d'CSV- Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ofléisen.
headphones

15 min

play_arrow

Marc Schoentgen

Den Zenter fir politesch Bildung soll méi nobréngen, wéi Demokratie funktionéiert, ouni politesch Partei ze ergräifen. Wéi schwéier ass dat an engem Waljoer? Mir froen den Direkter.
headphones

14 min

play_arrow
Jean Ehret

Jean Ehret

Firwat verléieren déi traditionell Reliounen hei am Land ëmmer méi u Bedeitung? Dat froe mir haut op Karfreideg den Direkter vun der Luxembourg School of Religion and Society.
headphones

14 min

play_arrow

Paul Peckels

D'Wort feiert 175 Joer. Mee wéi wëllt déi eelste Lëtzebuerger Zeitung am digitalen Zäitalter bestoen? Dat froe mir den Direkter vum Editiounshaus, dat d'Wort erausgëtt.
headphones

12 min

play_arrow
Carole Thoma

Carole Thoma

Mat wéi engen Ziler ginn déi Lénk an d'Gemengewalen? Dat froe mir d'Spriecherin vun der Partei.
headphones

15 min

play_arrow
Marc Wengler

Marc Wengler

Iwwer siwe Milliarden Euro investéiert de Staat bis 2039 an déi national Eisebunn. Wéi wäerten d'Passagéier dat mierken? Mir froen den Direkter vun den CFL.
headphones

15 min

play_arrow
Isabelle Schmoetten

Isabelle Schmoetten

Solle Mamme bezuelt ginn, wa si hir Kanner doheem versuergen? Déi Fro wäert virun de Chamberwalen méi dacks diskutéiert ginn. Mir stellen se der Direktesch vum CID Fraen an Gender.
headphones

15 min

play_arrow

Henri Trauffler

De laangjäregen Direkter vum Iechternacher Kolléisch (LCE) geet a Pensioun: Wéi huet d'Schoul sech an de leschte 40 Joer verännert?
headphones

17 min

play_arrow

Kristin Schmit

20 Joer Gesetz géint haislech Gewalt: Froen un d'Vertriederin vun der Police am Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence
headphones

15 min

play_arrow

Josiane Di Bartolomeo-Ries

Wéi kommentéiert d'SIGI-Vizepresidentin déi intern Dysfonctionnementer beim Syndikat, deen d'Informatik vun de Gemenge geréiert?
headphones

16 min

play_arrow

Luc Caregari

Mam neie President vun der Associatioun vun de Beruffsjournalisten ALJP schwätze mir iwwer d'Aarbechtskonditioune vun der Press hei am Land
headphones

16 min

play_arrow

Serge Wilmes an Tom Krieps

De Stater CSV-Schäffen an den LSAP-Gemengeconseiller diskutéieren iwwer de geplangte Verbuet vum Heeschen an der Stad Lëtzebuerg
headphones

16 min

play_arrow

Corinna Niemeyer

Am Kader vum Themendag "klassesch Musek": en Interview mat der Chefdirigentin (zënter September 2020) vum Orchestre de Chambre du Luxemborug (OCL)
headphones

15 min

play_arrow

Laurence Bernard

Vum Hierscht u kënnen Infirmièren an Infirmiere sech op der uni.lu spezialiséieren. Froen un eng vun den zwou Studiendirectricë vun deene Bachelor-Formatiounen.
headphones

13 min

play_arrow

Georges Clees

D'Dokteschassociatioun an d'Spideeler si sech net eens, wéi eng Reegele fir ambulant Strukture solle gëllen. Wat seet d'Patientevertriedung dozou? Mir froen hire Spriecher.
headphones

17 min

play_arrow

Andrew Ferrone

Wat muss geschéie wa mer déi global Äerderwiermung nach op 1,5 Grad wëlle limitéiert kréien? Mir froen de Lëtzebuerger Vertrieder am internationale Panel vun de Klimafuerscher.
headphones

13 min

play_arrow