Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Jan Kalbitzer

Mam Psychiater an Auteur vum Buch "Digitale Paranoia: Online bleiben, ohne den Verstand zu verlieren", iwwert den Impakt vun Internet a Smartphone op eis Gesondheet.

Laurent Federspiel

Detailer iwwert déi strategesch Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Promotiounsagence "Luxinnovation" mam zoustännegen Direkter fir "Cluster".

Yves Cruchten

Mam Generalsekretär vun der LSAP geet Rieds iwwert d'Aktualitéitsthemen: Flüchtlingen, Burkaverbuet a Participatioun an der Partei.
Frank Wies

Frank Wies

Den Affekot an Expert an Asyl- an Immigratiounsfroe schwätzt iwwert dat Lëtzebuerger Asylrecht.

Marc Baum (déi Lénk) & Laurent Mosar (CSV)

Béid Oppositiounsdeputéiert debattéieren iwwert d'Flüchtlingspolitik.

Sylvain Besch a Julien Gannard

Auslänner déi zanter op d'mannst fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, dierfen sech op de Wielerlëschte fir d’Gemengewalen aschreiwen. De CEFIS zitt de Bilan vun den Aschreiwungen.

Yves Piron

Den Direkter vum OLAI "Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration" zitt Bilan iwwert d'Situatioun vun de Flüchtlingen.

Claude Strasser

175 Joer Post. De Generaldirekter schwätzt iwwert Digitaliséierung, Liberaliséierung a Postfilialen.

Romain Kohn

Den Direkter vun der ALIA erkläert d'Hannergrënn vum Blâme, deen déi "Onofhängeg Lëtzebuerger Autoritéit vum Audiovisuellen" géint RTL geschwat huet.

René Winkin

Am Gespréich mam Direkter vun der Industrielle-Federatioun Fedil geet et ëm d'Digitaliséierung, de Klimaschutz an de Standuert Lëtzebuerg.

Danièle Fonck

Mat der Generaldirectrice vum Grupp Editpress geet et ënnert anerem ëm dat neit Tageblatt.

Carole Dieschbourg

Mat der Ëmweltministerin geet Rieds iwwert Loftqualitéit an d'Popularitéit vun deene Gréngen an Ëmfroen.

Dirk Andreas Zetzsche

De Professer fir Droit ass Spezialist fir Finanzen an international Regulatioun. Rieds geet iwwert de Brexit an den Impakt op d'Finanzplaz.

Aline Muller

Déi nei Generaldirektesch vum LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) schwätzt iwwert d'Ausriichtung vum Fuerschungsinstitut.

Serge Wilmes

Den CSV-Deputéierten a Spëtzekandidat fir d'Gemengewahlen an der Stad Lëtzebuerg schwätzt iwwert Sondagen, d'CSV an Identitéit.

Marc Barthelemy

De "Conseil permanent de la langue luxembourgeoise" soll d'Lëtzebuerger Sprooch studéieren a fërderen. Mam President geet et ëm de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen.

Antoine Fischbach

Wat soen Zuelen iwwer d'Qualitéit vum Enseignement aus? Dat froe mir den Antoine Fischbach vum LUCET, dem Luxembourg Centre for Educational Testing.

André Roeltgen

D'Digitaliséierung vun der Ekonomie an d'Stoltripartite sinn Themen mam OGBL-President.

Roland Bastian

Deen neie Generaldirekter vun ArcelorMittal-Lëtzebuerg schwätzt iwwert d'Kris am Stolsecteur an iwwert de Standuert Lëtzebuerg.
headphones

24 min

play_arrow

François Prüm

De LuxLeaks-Prozess, de Beruff vum Affekot a säi Beruffsgeheimnis sinn Themen, déi mam neie Bâtonnier beschwat ginn.
headphones

16 min

play_arrow