Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
![Gilles Feith (CTIE)](/legacy/images/33539/image-thumb__33539__base_thumbnail/Gilles%20Feith.5dab6242.jpg)
Gilles Feith (CTIE)
Cybersécherheet, Digitaliséierung vun ëffentleche Servicer an Dateschutz sinn Theme mam Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État"
Gaston Carré & Jacques Hillion
Zwee Fransousen a Lëtzebuerger Journalisten kommentéieren den Ausgang vum éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich.
Alex Bodry
Véier Joer no der SREL-Affär gëtt et nees eng illegal Ecoute déi net beim Parquet denoncéiert gouf. Firwat huet déi parlamentaresch Kontroll vum SREL op en Neits net fonctionnéiert?
Christophe Goossens
RTL kritt an Zukunft bis zu 10 Milliounen Euro d'Joer vum Staat. Wat ännert sech doduerch um Programm? Dat froe mir de neie Generaldirekter.
Monique Dejeans an Edouard Oddo
Mat de Membere vum "Parti Socialiste" a vu "Les Républicains" geet Rieds iwwert d'Presidentschaftswahlen an den Impakt op d'Fransousen zu Lëtzebuerg. p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px;
Véronique Biver
Mat der Archeologin vum Centre National de Recherche Archéologique (CNRA) geet et ëm d'Erausfuerderunge fir d'Archeologie zu Lëtzebuerg.
Jonathan Ponchon
D'Beweegung "Pulse of Europe" geet trotz de Krise fir d'EU op d'Strooss. Wat dat bréngt dat, seet den Initiator vun der Beweegung zu Lëtzebuerg?
Cathy Mangen
Um éischten internationalen Dag vun der Heelpädagogik geet et mat der Member vun der "ALPC" ëm d'Inclusioun vu Mënsche mat enger Behënnerung.
Pierre Reyland
Silvia Perez Vitoria
D'Industrialisatioun an d'Agroekologie stinn am Widdersproch, dat fënnt déi franséisch Soziologin an Agroekologistin. Wéi eng Auswierkungen huet dëse Prozess?
Christine Muller
D'Urbanistin an Architektin beliicht d'Logementsproblematik, de Wuesstem, an d'Neifaassung vum "Programme directeur d'aménagement du territoire"
Carlo Thill
D’Banke beschwéieren sech iwwer niddreg Zënsen an deier Reguléierungen. Firwat huet d'BGL BNP Paribas trotzdem iwwer 400 Milliounen Euro Gewënn gemaach?
Thérèse Michaelis
Déi fréier Qualitéitsbeoptraagte vun der "Entente des Gestionnaires" vun de Jugendhaiser presentéiert den neie Vademecum.
Robert Urbé
Den Ekonomist a Spriecher vun der Caritas presentéiert de Sozialalmanach 2017. Schwéierpunktthema ass de Wuesstem.
Marc Hansen
Déi aktuell intern Tensioune bei der Uni Lëtzebuerg an dat neit Unisgesetz si Sujet mam Héichschoulminister.
Frank Wolter
Den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung schwätzt iwwert den Zoustand an d'Gestioun vum Lëtzebuerger Bësch.
Volker Strauss
Mam Titularpaschtouer vun der Protestantescher Kierch geet et ëm de Konflikt bannent der Communautéit.
Thierry Nothum
Mam Direkter vun der Handelskonfederatioun geet et ëm d'Erausfuerderungen am Lëtzebuerger Commerce.
![Marc Crochet](/legacy/images/19979/image-thumb__19979__base_thumbnail/Marc%20Crochet.93a1db30.jpg)