Radioen

On air

Notturno  |  Jane Weaver - Romantic Worlds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Michel Wurth

Ee Joer vrun de Chamberwahlen: wéi zefridden ass d'Patronat mat der Regierungsaarbecht? De President vun der UEL zitt Bilan.

Myriam Mersch-Zimmer

En neie Foyer fir Jugendlecher an Nout gëtt zu Eech gebaut. D'Generaldirektesch vun der "Fondation Maison de la Porte Ouverte" erkläert.

Prof. Dr. Edgar Grande

D'Volleksparteie schneide schlecht of an d'AfD gëtt drëttstäerkste Kraaft. Mam Politikwëssenschaftler geet et ëm d'Zukunft vun Däitschland.

Claude Haagen (LSAP) vs Paul Bonert (CSV)

Dikrech am Mëttelpunkt: Face à Face vum LSAP-Buergermeeschter an CSV-Gemengeconseiller Paul Bonert

Gilbert Pregno

De President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun erkläert, wou Lëtzebuerg am Kampf géint de Mënschenhandel steet.

Romain Pauly

No 32 Joer geet den Direkter vum "Centre thérapeutique pour toxicomanes" an d'Pensioun. Wat ass säi Bilan a wéi gesäit hien d'Zukunft vum Drogemilieu?

Nico Haas

Wéi vill Generaliste brauch d'Land? Dozou am Gespréich de Koordinator fir d'Ausbildung vun de Generalisten op der Uni Lëtzebuerg.

Dan Biancalana (LSAP) vs Michèle Kayser-Wengler (CSV)

An eiser Serie vu Face-à-Facë virun de Gemengewahle steet haut Diddeleng am Mëttelpunkt: et debattéieren den LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana an d'CSV-Spëtzekandidatin Michèle Kayser-Wen

Gaston Ternes

Mir froen den Direkter vum Lycée Aline Mayrisch wei eng Chancen a Geforen d'Lycéesreform mat sech bréngt.

Laurent Zeimet a Guy Frantzen

Mir froen de Beetebuerger Buergermeeschter an den LSAP-Gemengeconseiller mat wei enge Proposen si an d'Gemengewahlen ginn.

Christopher Lilyblad

D'"Assises de la coopération" versammelen all d'Acteuren aus dem Secteur. Den neie Direkter vum "Cercle de coopération" vertrëtt d'ONGen.

Gilles Roth (CSV) & Adèle Schaaf-Haas (déi Gréng)

De Buergermeeschter vu Mamer an d'Spëtzekandidatin vun der gréisster Oppositiounspartei diskutéieren iwwert Flüchtlingsstrukturen, Mobilitéit a Gemengefinanzen.

Yves Mersch

Mam Exekutiv-Direkter vun der Europäescher Zentralbank schwätze mer iwwert d'Wirtschaft an der Eurozon an d'Geld- an Zënsen-Politik vun der EZB.

Joëlle Elvinger an Alain Weins

De Reckbau vun der N7, d'Bautepolitik an d'Wunne fir déi Jonk sinn d'Theme bei der DP Buergermeeschtesch a beim LSAP Scheffe vu Walfer.

Monique Kuffer & Tom Faber

Mat den zwee Membere vum Réidener Gemengerot schwätze mer iwwert d'Entwécklung vu Réiden un der Atert als regionalen Zenter vum Kanton Réiden.

Roger Schauls

De Wollef ass zréck zu Lëtzebuerg. De Biolog vum Mouvement écologique schwätzt iwwert den Impakt op d'Ëmwelt an de Mënsch.

Christof Mann

Fir Leit déi duerch d'sozial Netz gefall sinn gëtt et an der Stad Lëtzebuerg puer Opfaangstrukturen. De Responsabelen schwätzt iwwert Aarmut an der Stad.

Laurent Loschetter

De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass neie President vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 nodeems d'Mandat vu senger Virgängerin net erneiert ginn ass.

Ralph Schroeder

Am Oktober geet déi nei zoue Sécherheetsunitéit zu Dräibur op. Mam neien Direkter vum Centre socio-éducatif de l'Etat geet et ëm d'Preparatioun.

Léon Gloden a René Sertznig

Iwwert d'Tanklager, d'Parkplazen an de Wunnengsbau zu Gréiwemaacher diskutéieren den CSV-Buergermeeschter an den DP-Gemengeconseiller.