Radioen

On air

9 bis 1  |  Mac Demarco - Salad Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Marc Baum

Manner Wuesstem an eng besser Ëmverdeelung vum Räichtum, esou d'Fuederung um Kongress vun déi Lénk. Wéi soll dat goen? Den Deputéierte vun déi Lénk erkläert.
headphones

18 min

play_arrow

Raymond Juchem

Den Aarbechtsdrock op d'Bréifdréier hëlt zou an d'Bréifdréieschgewerkschaft envisagéiert e Sozialkonflikt. Hire President iwwert d'Hannergrënn.
headphones

18 min

play_arrow

Fernand Kartheiser (ADR)

Nom Kongress vun der "Alternativ Demokratesch Reformpartei" geet mam ADR-Deputéierten iwwert d'Opstelle vun der Partei fir d'Wahlen.
headphones

20 min

play_arrow

Michel Malherbe

Um Site vum Agrozenter zu Miersch soll an den nächste Joren en neie Quartier entstoen, mat bal 1.000 neie Wunnengen. Mir schwätze mam Buergermeeschter Michel Malherbe (DP).
Laura Zuccoli

Laura Zuccoli

D'Chamber debattéiert haut iwwert en nationalen Aktiounsplang fir Integratioun. Eng Aschätzung zur nationaler Integratiounsstrategie vun der ASTI-Presidentin.

Mikkel Strorup

Wat fir e kommerziellen a kulturellen Echange gëtt et tëscht Lëtzebuerg a China? De Member vu der China-Luxembourg Chamber of Commerce erkläert.

Jean-Claude Franck & Claude Biver

Den 100,7-Chefredakter an de Journalist, deen um Dossier geschafft huet, erklären, wéi si op d'Sécherheetspann vum Chambersite gestouss sinn.

Martine Kirsch

Mat der Presidentin vun der Asbl Zesummen fir Inklusioun (Zefi) geet Rieds iwwert Begleedung vu Kanner mat spezifesche Besoinen an der Schoul.

Norry Schneider

Op den Transition Days geet et ëm d'Fro, wéi ee sech gutt ernäre kann an an engems d'Limitte vum Planéit a vum Klima respektéieren.

Françoise Thoma a Camille Fohl (BCEE)

Wéi eng Roll spillt déi staatlech Spuerkeess? Doriwwer schwätze mir mat der Generaldirectrice a mam President vum Verwaltungsrot vun der BCEE.

Elisabeth Margue (CSJ) & Jimmy Skenderovic (JSL)

D'President/in vun de Jugendorganisatioune vun der CSV an der LSAP schwätzen iwwert den Engagement an d'Plaz vu Jonke bei grousse Parteien.

Fred Keup

Mam President vun der Initiativ Wee2050 / Nee2015 geet Rieds iwwert d'Kooperatioun mat der ADR am Hibléck op d'Chamberwahlen am Oktober.

Roger Spautz

Prisongsstrofen fir Greenpeace-Aktivisten, déi op den Site vun der Atomzentral vu Cattenom agedronge waren - d'Positioun vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Romain Wolff

Mam President vun der CGFP, déi ronn 30.000 Staatsbeamte vertrëtt, schwätze mir iwwer gewerkschaftlech Aarbecht an Zäite vu Virwahlkampf.

Julien Licheron

Mam Chercheur um LISER maache mir d'Analys vun de Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart a schwätzen iwwert méiglech Léisunge vun der Wunnengsnout.

Roland Fox

Mam Direkter vu Ponts & Chaussées geet Rieds iwwert déi geplangte Renovéierung a Moderniséierung vun de Pisten um Findel.

Roland Kuhn

Wat sinn déi aktuell Problemer vum Bausecteur? D'Vue vum President vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Bauentreprisen.

Luc Caregari

Well d'Regierung den Informatiounszougang fir Journalisten net regelt, mécht de Presserot eng eege Propos fir e Gesetz.

Roland Bastian

Mam Head of Country Luxembourg vun Arcelor Mittal geet rieds iwwert d'Situatioun an d'Perspektive vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.

Roberto Traversini

Mir schwätze mam Député-Maire vun Déifferdeng an neie President vum Gemengesyndikat Pro-Sud.