Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Jean-Paul Olinger
Den aktuelle Generalsekretär a zukünftegen Direkter vun der UEL iwwer d'Fuerderunge vun der Patronatsorganisatioun am Virfeld vun de Wahlen.
Tom Wirion
D'Politik misst d'Handwierk méi stäerken, fuerdert d'Handwierkerkummer. Hiren Direkter presentéiert am Virfeld vun de Wahlen d'Fuerderunge vum Secteur.
Marc Fischbach
Mam President vun der COPAS, dem Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter, geet ë. a. rieds iwwer de Sozialkonflikt am Secteur.
Anne-Catherine Guio
Zu Lëtzebuerg läit den Taux vum Aarmutsrisiko bei monoparentalle Famille bei 45 Prozent. Erklärunge mat der Fuerscherin beim Fuerschungsinstitut LISER.
Jean-Nico Pierre & René Meneghetti
Zu Lëtzebuerg ginn et eng 2.200 Toxikomanen. Wat sinn d'Erausfuerderungen un d'Sozialservicer? De Suchtverband stellt Fuerderungen un d'Politik.
Elisabete Soares
Déi nei Presidentin vun der "Confédération de la Communauté Portuguaise au Luxembourg" schwätzt iwwert déi Portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg.
Claude Metzdorf
DuPont investéiert 340 Milliounen Euro an eng nei Tyvek-Produktiounslinn zu Conter. Den Direkter vun deem Projet, erkläert.
![Jean Ehret](/legacy/images/21098/image-thumb__21098__base_thumbnail/Jean%20Ehret.f18b97b7.jpg)