Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Georges Engel & Myriam Cecchetti
Den LSAP-Buergermeeschter vu Suessem an d'Gemengeréitin vun déi Lénk diskutéieren iwwer de Contournement vu Käerjeng.
Pascale Junker an Emile Grandgenet
A regionale Laboratoiren gouf iwwer déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert mam Zil, de Programme directeur de l'aménagement du territoire auszeschaffen.
![Blanche Weber](/legacy/images/1024/image-thumb__1024__base_thumbnail/Blanche%20Weber.779508f7.jpg)
Blanche Weber
Schaarf Kritik vum Mouvement écologique um Transparenzgesetz. D'Presidentin vun der Ëmweltorganisatioun erkläert.
Karolina Markiewicz & Cassie Adélaïde
Wéi gesinn d'Kënschtlerin an d'Coordinatrice vun der asbl Passerell déi Europäesch a Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik?
Michel Nathan
De CHNP an d'Nordspidol solle bis 2020 fusionéieren. Den Zäitplang kéint enk ginn. De President vu Verwaltungsrot iwwert d'Hannergrënn.
Romain Hoffmann
Mam President vum Groupement Pétrolier geet rieds iwwer rezent Entwécklunge bei de Ventë vu Bensin, Diesel an anere Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg.
Chris Philipps
E Gespréich mam Lëtzebuerger Fussball-Profi an -Nationalspiller iwwer d'Weltmeeschterschaft a Russland a säi Veräin Legia Warschau.
Christophe Hansen
Den CSV-Politiker Christophe Hansen iwwerhëlt Ufank September d'Mandat vun der Viviane Reding am Europaparlament.
Nora Back
Déi nei OGBL-Generalsekretärin kéint déi éischte Fra un der Spëtzt vum Onofhängege Gewerkschaftsbond ginn. E strategesche Choix aacht Méint virun de Sozialwahlen.
![Paul Schroeder](/legacy/images/36524/image-thumb__36524__base_thumbnail/Paul%20SCHROEDER.42c435a7.jpg)
Paul Schroeder
Mam Generaldirekter vum CGDIS diskutéiere mir iwwer d'Reform, d'Formatioun an dem Rekrutement vun de Rettungsdéngschter.
![Pierre Bley](/legacy/images/36458/image-thumb__36458__base_thumbnail/Pierre%20Bley.ca412f76.jpg)
Pierre Bley
D'Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte huet 2017 ronn 20 Milliounen Euro Hëllefen ausbezuelt: Mir schwätze mam President.
![Tilly Metz](/legacy/images/36401/image-thumb__36401__base_thumbnail/Tilly%20Metz.9adcd0b1.jpg)