Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Pascale Arend
2017 gouf den Office nationale de l'enfance reorganiséiert. Mat der Generalkoordinatrice geet rieds iwwer d'Entwécklunge bei der Jugendhëllef.
Mady Juchem - Eric Krebs
Ronn 6.000 Persoune leiden zu Lëtzebuerg un enger Psychos. D'Associatioun AFPL gouf gegrënnt fir op déi spezifesch Problemer opmierksam ze maachen.
Steve Brickler
Mam Sekretär vun der Douanesgewerkschaft geet rieds iwwer déi vill Missioune vun der Verwaltung, fir déi ee méi Mëttel bräicht.
![Anne Goeres](/legacy/images/20579/image-thumb__20579__base_thumbnail/Anne%20Goeres.93600bd3.jpg)
Anne Goeres
Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwer d'Aktioun Lëtz Go Gold, déi d'Fuerschung iwwer nei Kriibstraitementer fir Kanner finanzéiert.
Marcel Oberweis
Mam CSV-Deputéierten, deen Enn Juni an der Chamber opgehalen huet, geet rieds iwwer seng politesch Carrière an iwwer d'Zäit nom Krautmaart.
Raoul Schaaf (CNDS)
Mir schwätze mam Direkter vum Comité national de défense sociale: de CNDS geréiert den Drogen-Hëllefs-Zenter Abrigado zu Bouneweg.
Laura Foschi
Ënnerstëtzung fir autonom Entwécklung finanzéiert a begleet Microfinanzéierungs-Instituter. Mat der Direktesch geet rieds iwwer d'Aarbecht vun der ONG an den Impakt vu Mikro-Prêten.
Nicole Wagner a Patrick Weidert
Mat de Vertrieder vum Kompetenzzenter fir Héichbegabung geet rieds iwwer d'Erausfuerderunge fir déi Betraffen, d'Missioune vum Zenter an iwwer Differenzéierung.
Claude Frisoni
Mam fréieren Direkter vum Neimënster geet rieds iwwer d'Bedeitung vum Label europäesch Kulturhaaptstad an iwwer de Projet Esch 2022.
Fernand Lepage
D'Pensiounskeess huet zanter dem éischte Juli en neie President: de Fernand Lepage iwwerhëlt Pensiounsreserven, déi sou héich sinn, wéi nach ni virdrun.
Marc Crochet
Mam Co-Vize-President vun der FEDAS schwätze mer iwwert d'Missioun an d'Fuerderunge vun der rezent gegrënnter "Federation des acteurs du secteur social".
Franz Clément
Brauch eis Gesellschaft een neit Verständnis vun der Aarbecht? De Chercheur beim LISER schwätzt iwwer de séieren technologesche Wandel.
![Pascal Ricquier](/legacy/images/21488/image-thumb__21488__base_thumbnail/Pascal%20Ricquier.09f14ed5.jpg)