Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Leo Wagener
Den Äerzbëschof kritt deemnächst Ënnerstëtzung vun engem Weibëschof an engem zousätzleche Generalvikar. Mir froen den zukünftege Weibëschof, firwat dat néideg ass.
Georges Bach
No zéng Joer am Europäesche Parlament huet den CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler e Schlussstrëch ënner seng politesch Carrière gezunn.
René Pizzaferri
Mam President vun der Patiente Vertriedung schwätze mir iwwer aktuell Sujeten an der Gesondheetspolitik.
René Winkin
Mir froen den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, wisou ëmmer erëm Industrie-Projete wéinst hirem Impakt op d'Ëmwelt a Fro gestallt ginn.
Joel Delvaux
Mam Stater Gemenge-Conseiller vun déi Lénk schwätze mir iwwer den ëffentlechen Transport fir Leit mat Handicap.
Myriam Welschbillig
Mat der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch geet rieds doriwwer, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch an der neier Verfassung festgehale soll ginn.
Marc Fisch
Wéi ginn d'Baueren mat der momentaner Dréchent ëm a wéi wëlle si sech laangfristeg opstellen? Doriwwer geet rieds mam President vun der Bauerenzentral.
Hoai Thu Nguyen Doan
Funktionéiert Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat muss verbessert ginn? Doriwwer geet rieds mat der Ekonomistin vun der Handelskammer.
Claude Marx
Mir schwätze mam Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF iwwer d'Entwécklungen op der Finanzplaz Lëtzebuerg.
![Marc Goergen](/legacy/images/23558/image-thumb__23558__base_thumbnail/Marc%20Goergen.df848459.jpg)
Marc Goergen
Wéi een Tëschebilan zitt d'Piratepartei vun hirer Chamber-Aarbecht a wéi kommentéiert si d'Affär ronderëm déi ëmstridden Datebanken?
Léon Losch
Mam Direkter vun der National-Lotterie schwätze mir iwwer d'Resultater 2018, nei Produkter, d'Konkurrenz an iwwer d'Thema Spillsucht.
Fernand Etgen
E Gespréich mam Chamberspresident iwwer déi turbulent Sëtzung vun der leschter Woch an d'Suite vum Verfassungsprozess.
Fernand Kartheiser
Den ADR-Deputéierten iwwer d'Relatiounen tëschent der Oppositioun an der Regierungsmajoritéit an d'Reforme vum Wahlsystem an der Verfassung
Marc Baum
Den Deputéierte vun déi Lénk iwwer Datebanke, Chamber-Kommunikatioun a Verfassungsreform
![Claude Meisch](/legacy/images/20432/image-thumb__20432__base_thumbnail/Claude%20Meisch.81b17912.jpg)
Claude Meisch
Een Dag virum leschte Schouldag: e Gespréich mam Educatiounsminister.
![Sandra Cellina](/legacy/images/8089/image-thumb__8089__base_thumbnail/Sandra%20Cellina.dbc9ecaa.jpg)