Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
![Christelle Diederich | © Jo Diseviscourt Christelle Diederich | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/196788/image-thumb__196788__base_thumbnail/Christelle%20Diederich.27b64791.jpg)
Christelle Diederich
D’Sportjournalistin huet déi Olympesch Spiller vu Paräis fir d’Tageblatt couvréiert.
![Serge Wilmes](/1_Foto/100komma7.lu/196479/image-thumb__196479__base_thumbnail/Serge%20Wilmes%20Studio.a92c1bf2.jpg)
Serge Wilmes
Déi nei Regierung seet, si géif eng aner Klimapolitik maache wéi déi Blo-Rout-Gréng. Mee huet sech wierklech esou vill geännert? Mir froen den Ëmweltminister.
![Sebastian Reddeker](/1_Foto/100komma7.lu/196314/image-thumb__196314__base_thumbnail/Sebastian%20Reddeker.bfdbcdc3.jpg)
Sebastian Reddeker
D’Corona-Pandemie ass definitiv eriwwer. Mee maachen d’Leit och haut nach “Vakanz doheem”? Mir froen den Direkter vu Luxembourg for Tourism.
![Claude Berg | © Jo Diseviscourt Claude Berg | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/196104/image-thumb__196104__base_thumbnail/Claude%20Berg.8b131744.jpg)
Claude Berg
D’Biergerinitiativ Amber 380 KV wiert sech dogéint, datt eng nei Héichspannungsleitung ganz no laanscht hir Haiser leeft. Wéi eng Alternative gëtt et? Mir froen de Spriecher vun der Initiativ.
![Christine Majerus](/1_Foto/100komma7.lu/195864/image-thumb__195864__base_thumbnail/Christine%20Majerus_1.a0757826.jpg)
Christine Majerus
Mat der Lëtzebuerger Cyclistin kucke mir op déi Olympesch Spiller an op hir Karriär, déi geschwënn op en Enn geet.
![© Morgane Weidig Philippe Wadlé | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/195468/image-thumb__195468__base_thumbnail/Philippe%20Wadl%C3%A9.81c2d498.jpg)
Philippe Wadlé
Mam President vum Groupement des Magistrats schwätze mir ë. a. iwwer deen ambitiéise Rekrutements-Programm fir d’Magistratur.
![© Morgane Weidig Luca Mathias | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/195282/image-thumb__195282__base_thumbnail/Luca%20Mathias.c2c70559.jpg)
Luca Mathias
Firwat reent et dëse Summer esou vill? A firwat kréie mir an der Lescht esou vill Wiederwarnungen? Mir froe beim Expert vu Meteolux no.
![© Morgane Weidig Alain Reuter | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/195090/image-thumb__195090__base_thumbnail/Alain%20Reuter.d9b03805.jpg)
Alain Reuter
D’Regierung wëllt iwwer eng Pensiounsreform diskutéieren. Mee ass dat wierklech néideg? Mir froen de President vun der Pensiounskeess.
![Smail Suljic](/1_Foto/100komma7.lu/194871/image-thumb__194871__base_thumbnail/Smail%20Suljic.31b6cfed.jpg)
Smail Suljic
Den Zentralsekretär fir Gesondheet a Soziales vum OGBL ass mam Caritas-Dossier befaasst a weess, wéi d'Stëmmung ënner de ronn 500 Beschäftegten ass. Wéi gesäit hien hir Perspektiven?
![Ben Ries](/1_Foto/100komma7.lu/194391/image-thumb__194391__base_thumbnail/Ben%20Ries.5fd0d4c3.jpg)
Ben Ries
Och mëttelgrouss Gemengen hu vun elo u Vollzäitbuergermeeschteren. Wat ännert dat fir déi concernéiert Gemengen? Dat froe mir de Lënster Buergermeeschter.
![Lynn Warken](/1_Foto/100komma7.lu/194208/image-thumb__194208__base_thumbnail/Lynn%20Warken.642ab93f.jpg)
Lynn Warken
An engem neie Gesetz gëtt festgehalen, datt Journalisten d’Recht hu fir staatlech Informatiounen ze kréien. Kann elo mat méi Scoope gerechent ginn? Mir froen d’Presidentin vum Presserot.
![Michel Simonis | © Chris Zeien Michel Simonis | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/193977/image-thumb__193977__base_thumbnail/Michel%20Simonis.63d951e5.jpg)
Michel Simonis
Der Caritas hir Zukunft ass weider onkloer. Kéint d'Croix-Rouge eventuell Projete vun der kathoulescher ONG iwwerhuelen? Mir froen de Generaldirekter.
![Joëlle Damé](/1_Foto/100komma7.lu/193722/image-thumb__193722__base_thumbnail/Jo%C3%ABlle%20Dam%C3%A9_1.744b7f36.jpg)
Joëlle Damé
Rezent Ëmfroen weisen, datt vill Enseignanten onzefridde sinn. Wat misst geschéien, fir dat ze änneren? Mir froen d’Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW.
![Michelle Friederici](/1_Foto/100komma7.lu/193482/image-thumb__193482__base_thumbnail/Michelle%20Friederici.65a66910.jpg)
Michelle Friederici
D'Architekte spiere meeschtens als éischt wa manner - oder och méi - gebaut gëtt. Wéi evaluéiere si d'Lag am Bausecteur, sechs Méint nom Start vun de Krisemesuren? Dat froe mir d'Presidentin vum OAI.
![© Morgane Weidig Raymond Conzemius | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/129550/image-thumb__129550__base_thumbnail/Raymond%20Conzemius.150d4e81.jpg)
Raymond Conzemius
12 Stonne virun der Erëffnungszeremonie: Froen un de Lëtzebuerger Missiounschef bei den Olympesche Spiller vu Paräis
![Luc Siebenaller](/1_Foto/100komma7.lu/192822/image-thumb__192822__base_thumbnail/Luc%20Siebenaler.d41252c1.jpg)
Luc Siebenaller
Wéi vill Suerge mécht d'Bedruchsaffär bei der Caritas aneren ONGen? Dat froe mir de President vum Cercle de Coopération.
![Claude Wiseler | © Chris Zeien Claude Wiseler | © Chris Zeien](/1_Foto/100komma7.lu/192627/image-thumb__192627__base_thumbnail/Claude%20Wiseler_2.8ccf80d4.jpg)
Claude Wiseler
Finanzkontrollen, Riedzäiten, ëffentlech Kommissiounssëtzunge si Stéchwierder am Gespréich mam Chamberpresident.
![© Morgane Weidig Sven Clement | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/192192/image-thumb__192192__base_thumbnail/Sven%20Clement_1.2dc93b3b.jpg)
Sven Clement
Stinn d’Pirate virum Aus? Froen un de Grënnungsmember an éischte President vu der Partei
![Marc Crochet](/1_Foto/100komma7.lu/191937/image-thumb__191937__base_thumbnail/Marc%20Crochet_2.20791885.jpg)
Marc Crochet
61 Milliounen Euro sinn no an no bei der Caritas-Stëftung geklaut ginn. Wéi konnt dat passéieren? A firwat ass dat net éischter opgefall?
![Jean-Paul Ohlinger | © Jo Diseviscourt Jean-Paul Olinger | © Jo Diseviscourt](/1_Foto/100komma7.lu/191373/image-thumb__191373__base_thumbnail/Jean-Paul%20Ohlinger.991ea7b8.jpg)