Invité:e vum Dag
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast
3 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/250682/image-thumb__250682__base_thumbnail/Zeenewiessel_Logo-15.b07d6beb.jpg)
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
![Paul Heber](/legacy/images/7564/image-thumb__7564__base_thumbnail/Paul%20Heber.68ace704.jpg)
Paul Heber
Um Weltdag fir d'Kannerrechter geet mam Vertrieder vun Unicef Lëtzebuerg Rieds iwwer Verbesserungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg.
Yves Cruchten
Si genuch sozial Elementer am Staatsbudget fir 2020 ze fannen? Dat froe mir de Budgetsrapporter vun der LSAP.
Fränz Siebenaller
Mir froen de Responsabele vun der ONG Ecpat Lëtzebuerg, wéi gutt Kanner zu Lëtzebuerg géint sexuell Exploitatioun am Internet geschützt sinn.
Tom Habscheid
Mam Liichtathlet schwätze mir iwwer säi Succès bei der Para-Weltmeeschterschaft de leschte Sonndeg zu Dubai a seng Virbereedung op Tokio 2020.
David Wagner (déi Lénk)
Wéi eng Rezepter hunn déi Lénk fir d'Problemer um Wunnengsmaart ze léisen? Doriwwer schwätze mir mam Deputéierten.
Paul Thiltges
De President vum Verband vun de Filmproduzenten (ULPA) zu den aktuellen Diskussiounen ëm de Filmfong
![Tom Wirion](/legacy/images/35123/image-thumb__35123__base_thumbnail/Tom%20Wirion%282%29.b85188e1.jpg)
Tom Wirion
De Generaldirekter vun der Chambre des Métiers iwwer de Personalmanktem am Handwierk
![Félix Eischen](/legacy/images/35042/image-thumb__35042__base_thumbnail/F%C3%A9lix%20Eischen.30981a74.jpg)
Félix Eischen
Zwee Deeg nom ausseruerdentlechen CSV-Kongress: de Generalsekretär iwwer Klima, Wuesstum, Logement ... an aner aktuell Themen
![Sam Tanson](/legacy/images/34925/image-thumb__34925__base_thumbnail/Sam%20Tanson%284%29.bbcf74ba.jpg)
Sam Tanson
Mir froen déi nei Justizministesch, ob Lëtzebuerg e Problem mat der Gewaltentrennung huet.
Franz Fayot
Mir froen de President vun der LSAP, wéi hien d'Erneierung vu senger Partei wëllt virundreiwen.
![Yves Nosbusch](/legacy/images/34781/image-thumb__34781__base_thumbnail/Yves%20Nosbusch%281%29.a31a5c3b.jpg)
Yves Nosbusch
De Chef-Ekonomist vun der BGL BNP Paribas iwwer d'Ära Draghi un der Spëtzt vun der Europäescher Zentralbank.
![Fritz Remackel](/legacy/images/34697/image-thumb__34697__base_thumbnail/Fritz%20Remackel.51ad9cfa.jpg)
Fritz Remackel
CIGR Syrdall, CIGL Déifferdeng: zwou Beschäftegungs-Initiativen an negative Schlagzeilen. Wéi erliewen aner Acteuren am Secteur dat? E Gespréich mam President vum CIGL Esch.
![Taina Bofferding](/legacy/images/3937/image-thumb__3937__base_thumbnail/Taina%20Bofferding.da0563a3.jpg)